No Groussbrand zu KeelHaus gëtt ofgerappt, Brand-Ursaach nach ëmmer net gewosst

Christophe Hochard
Knapp annerhalleft Joer nom Brand an engem Appartementshaus zu Keel, bei deem e Kand gestuerwen ass, sinn nach ëmmer Expertisen amgaangen.
No Groussbrand zu Keel: Haus gëtt ofgerappt, Brand-Ursaach nach net gewosst
Knapp annerhalleft Joer nom Brand an engem Appartementshaus zu Keel, bei deem e Kand gestuerwen ass, sinn nach ëmmer Expertisen amgaangen.

Bal annerhallwe Joer sinn et hier, datt op Niklosdag 2022 e Kand vu 6 Joer bei engem Hausbrand zu Keel ëm d’Liewe koum. Mëttlerweil gëtt dat sinistréiert Haus ofgerappt.

D’Autorisatioun dofir huet d’Gemeng dem Proprietär ausgestallt. Fir dësen Terrain huet den Hasmin Huremovic nei Pläng. 6 Appartementer wéilt hien am léifste bauen. Wéi d’Gemeng erkläert, wieren der dem Gesetz no awer nëmmen 3 méiglech.

D’Haus op Nummer 60 zu Keel stoung deemools séier a Flamen. 6 Familljen hunn hei gewunnt a stounge vun elo op direkt op der Strooss. An deem Haus wunne war nämlech net méi méiglech.

D’Grënn vum Brand wieren dem Parquet no nach net bekannt, et wieren nach ëmmer Expertisen amgaangen an den Dossier domat och nach net ofgeschloss.

RTL-News: CGDIS: 6 Joer ale Jong bei Groussbrand zu Keel gestuerwen, 10 Blesséierter
RTL-News: Feier zu Keel op Niklosdag: Famill vum verstuerwene Jong huet nach ëmmer keng fest Wunneng
RTL-News: Ee Joer nom Keeler Drama: Brandursaach ëmmer nach net gewosst

Back to Top
CIM LOGO