
Dat hat de Procureur général d’état op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz erkläert.
Dat war d’lescht Woch. En Dënschdeg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gesot, datt “wann zwee Drëttel vun den Affären, déi erakommen, klasséiert ginn, dann deet et mer leed, mee dat kann een net hinhuelen, da kann een net méi vu Rechtsstaat schwätzen.” Um City Breakfast huet si dunn och eng dréngend Entrevue mam Premier gefuerdert wéinst der “geliefter Realitéit vun der Onsécherheet am Garer Quartier”.
D’Police géif all Plainten entgéinthuelen, déi d’Bierger hinnen zoudréien. Zu de Faiten, déi d’Beamte constatéieren, gi Procès-verballe getrei zu de Virgabe vum gesetzleche Kader an de Prozedure geschriwwen. “Mir maachen dobäi keen Ënnerscheed tëscht klenger oder méi grousser Kriminalitéit an d’Opportunité des poursuites läit net bei eis.”, sou déi schrëftlech Ausso vun der Police, déi RTL als Äntwert op eng Interview-Ufro vum Direkter krut. Interview, deen net accordéiert gouf.
D’Police wëll eegenen Aussoen no all Initiativ ënnerstëtzen, déi eng Vereinfachung vun de Prozeduren erméiglecht, dëst am Sënn vun enger “konkreter, reeller an zäitnoer Verbesserung vun der Sécherheet vun de Bierger an zugläich enger Entlaaschtung vun de Geriichter.”
Et wier ee bestrieft, Rechtssécherheet ze schafe mat “neie Mesurë fir Geforen ze verhënneren a Fräiheeten ze garantéieren” an dat eben alles ouni Iwwerlaaschtung vun der Justiz, déi sech dann op déi “méi wesentlech Aspekter vun der Repressioun” konzentréiere kéint.
D’Policegewerkschaft hirersäits hat sech e leschte Freideg dofir agesat, datt global an der Police rekrutéiert gëtt, well all Polizist wier Enquêteur, och wann dat just am judiciairë Beräich gebraucht géing ginn. D’SNPGL gesäit de Ressortminister Léon Gloden den 20. Januar.