D'Woch op RTLNeit Joer begréisst, besonnesch Matbierger geéiert an eng grujeleg Dot

Sarah Cames
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

Silvester

Wéineg iwwerraschend war de Joreswiessel dës Woch d’Haaptthema. Iech huet net nëmmen interesséiert, wéi a wou d’Leit gefeiert hunn, ma och, wat sech national an international zum 1. Januar 2025 geännert huet. Déi schéinste Fotoe vu Silvesterpartyen zu Lëtzebuerg an de Festivitéiten uechter d’Welt fannt Dir an eise Fotosgalerien.

Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer

Wéi all Joers konnten d’RTL-Lieser och dëst Joer nees fir de Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergerin vum Joer ofstëmmen. Geéiert goufen de Mike Dickes, deen ee Kand aus engem brennenden Haus gerett huet, an d’Chantal Keller, déi sech als Presidentin vun der Blëtz a.s.b.l. fir d’Affer vun engem Hiereschlag staark mécht.

De Premier am groussen RTL-Neijoerschinterview

Am traditionellen Neijoerschinterview op RTL huet de Premier Luc Frieden (CSV) ënnert anerem iwwer d’Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, Kriticken ëm Mesuren am Logement an d’Pensiounsreform geschwat. Dozou, ob d’CSV ënnert him no riets geréckelt ass, och wirtschaftspolitesch, huet de Luc Frieden awer net kloer Stellung geholl.

Teenager solle Papp, respektiv Stéifpapp erstach hunn

Zu Esch koum et op Neijoerschdag zu engem déidleche Virfall. Bei de presuméierten Täter am Alter vu 15 a 16 Joer handelt et sech ëm de Fils an d’Stéifkand vum 54 Joer ale Mann. De Jong vu 16 Joer gouf no enger psychiatrescher Bewäertung an de Prisong op Schraasseg bruecht. Säin Hallefbrudder gouf virleefeg an der Sécherheetsunitéit UNISEC ënnerbruecht.

Déi éischt homosexuell Koppele feiere Rousenhochzäit

E Mëttwoch hunn déi éischt gläichgeschlechtlech Koppelen zu Lëtzebuerg hiren 10. Hochzäitsdag gefeiert. D’Gesetz, dat d’Bestietnis erlaabt, ass den 1. Januar 2015 a Kraaft getrueden. Am Gespréich mat RTL war de Bilan vun der Organisatioun Rosa Lëtzebuerg gréisstendeels positiv.

Attentater an Amokfaarten uechter d’Welt

Ronderëm Neijoerschdag war et de Leit op e puer Plazen uechter d’Welt awer net wierklech zum Feieren zemutt. Den Dënschdeg, um 31. Dezember, gouf ee Mann zu Baden-Württemberg vun der Police erschoss, dee mam Bagger op enger presuméierter Amokfaart war, Eng Rei Leit goufen dobäi blesséiert.

Um 1. Januar huet iwwerdeems eng bluddeg Dot d’Leit zu New Orleans an Trauer versat. Op d’mannst 15 Leit koumen ëm d’Liewen, wou ee Mann mat engem Auto an eng Mënschemass gefuer ass.

A Montenegro huet den Donneschdeg iwwerdeems ee Mann 12 Leit erschoss, ier en d’Waff op sech selwer geriicht huet.
https://www.rtl.lu/news/national/a/2263761.html

Explosioun net wäit vun Tréier

Zu Hockweiler, eng 15 Autosminutte vun Tréier fort, war et op Hellegowend zu enger Explosioun an engem Eefamilljenhaus komm, déi de Besëtzer bal d’Liewe kascht hätt. E Méindeg huet d’Police matgedeelt, datt de 56 Joer ale Mann, deen antëscht ausser Liewensgefor ass, am Verdacht steet, d’Explosioun selwer bewosst provozéiert ze hunn.

Fréieren US-President Jimmy Carter am Alter vun 100 Joer gestuerwen

Den James Earl Carter Junior war den 39. US-President vun 1977 bis 1981 a war just fir ee Mandat am Wäissen Haus. Leschte Sonndeg gouf confirméiert, datt de fréieren US-President no laanger Krankheet am Alter vun 100 Joer gestuerwen ass. Säi leschte Wonsch war et, fir bei den US-Wale leschten November nach ze liewen a seng Stëmm fir d’Demokratin Kamala Harris ofzeginn.

Back to Top
CIM LOGO