De Lëtzebuerger an d'Lëtzebuergerin vum Joer 2024 sti fest
Wéi all Joer konnt Dir Är Kandidate fir den Titel Lëtzebuerger vum Joer proposéieren an duerno ofstëmmen.
Bis den 29. Dezember um Mëtternuecht konnt Dir Äre Vott ofginn, an dat hutt Dir och fläisseg gemaach. Iwwer 2.500 Lieser hunn deelgeholl, an elo stinn ënnert den 10 Fraen an 10 Männer d'Gewënner fest.
Den Titel Lëtzebuerger vum Joer 2024 geet un de Mike Dickes, well hien an enger Noutsituatioun net laang gefackelt huet an Zivilcourage bewisen huet. No enger Explosioun ass am August zu Monnerech een Haus a Brand geroden. E Jong hat sech op den Dach vum brennenden Haus gerett, ma koum vun do net méi erof. Nach ier d'Pompjeeën op der Plaz waren, konnt de Mike Dickes - selwer Beruffspompjee, deen deen Ament net am Déngscht war - de Jong iwwer den Daach vu sengen Noperen aus dem décken Damp retten.
Déi aner Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer 2024 waren de Mathias Kersten, de Philippe Jacob, den Tom Habscheid, de Guy Wengler, den Elias Scheer, den Tom Hecker, de Gilles Becker, de Victor Bettendorf an den Almin Hrkic.
Är Lëtzebuergerin vum Joer 2024 ass d'Chantal Keller. Nodeems si selwer vun engem Hiereschlag getraff gouf, huet si sech dozou decidéiert, Opklärungsaarbecht ze maachen an anere Betraffenen ze hëllefen. Als Presidentin vun der Blëtz a.s.b.l. huet si dëst Joer mat enger Rei Sensibiliséierungscampagnen op d'Thema Hiereschlag opmierksam gemaach an ënnert anerem doriwwer informéiert, wéi een d'Symptomer méiglechst fréi erkennt a wat een an engem Noutfall maache kann.
Déi aner Nominéiert fir den Titel vun der Lëtzebuergerin vum Joer 2024 waren d'Ana Pinto, d'Carine Nickels, d'Patrizia van der Weken, d'Vanessa Tani, d'Claudine Muller, d'Marie Schreiber, d'Christine Majerus, d'Ni Xia Lian an d'Tali.
De ganzen Interview mam Lëtzebuerger an der Lëtzebuergerin vum Joer 2024 fannt Dir den Owend am Journal op RTL Télé a vun 19.30 Auer un op RTL.lu.
Wie krut bis elo den Titel "Lëtzebuergerin" a "Lëtzebuerger vum Joer"?
2023: Georges Klepper (ALS-Patient) an Jakkie Paulus (Benevole beim Groupe Support Psychologique
2022: Karen van Hout (Ambulanz Wonsch) an Dr. Bernard Thill (Médécins du Monde)
2021: D'Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur
2020: D'Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur
2019: Jenny Warling (Karate) a Remy Eiffes (Zaldot)
2018: Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)
2017: Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d'Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)
Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.
Hei geet et bei d'Artikelen aus dem leschten Joerzéngt:
RTL-News: Dir hutt gewielt: Äre Lëtzebuerger an Är Lëtzebuergerin vum Joer 2023 sti fest
RTL-News: Hei de Verdikt vun den RTL.lu-User: D'Karen van Hout an den Dr. Bernard Thill sinn Är Lëtzebuerger 2022!
RTL-News: Nees mat groussem Virsprong: D'Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2021!
RTL-News: D'Leit aus dem Gesondheets- an aus dem Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2020!
RTL-News: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger 2019: D'Jenny Warling an de Remy Eiffes goufe vun iech gewielt
RTL-News: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2018: Gwen Daufeld a Jeff Herr gewielt an ausgezeechent
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2017: Martine Kohl vun de Street Angels a Polizist André Bichel
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2016: ALS-Patientin Nathalie Scheer a Polizist Marcel Steffen
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2015: Polizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer - Eliane Leger a Romain Hilbes
RTL-News: Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"
RTL-News: De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
RTL-News: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
RTL-News: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008