D'Woch op RTLPager als Waff, Attentat op Trump a Pirat gëtt Sozialist

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Weider Attentat op Trump

Um Ex-US-President sengem Golfterrain hat sech e Mann verstoppt, fir op den Donald Trump ze schéissen. De Secret Service konnt dëst awer verhënneren an de potentiellen Attentäter gouf festgeholl.

Grenzkontrolle suerge fir Onrou

Net jidderee freet sech iwwer d’Kontrollen, déi Däitschland nees un hire Grenzen agefouert huet. Vill Frontalieren hu schonn Alarm geschloen a sech wéinst dem enormen Zäitverloscht bei de Gewerkschaften opgereegt.

Pirat gëtt Sozialist

De Ben Polidori, dee fir d’Piraten an der Chamber sëtzt, wäert bei d’LSAP goen. Wéinst den aktuellen interne Streidereie bei de politesche Freibeuter denkt och de Réimescher Gemengeconseiller Daniel Frères doriwwer no, d’Partei ze verloossen.

Lëtzebuerger Läschfligere prett fir den Asaz

D’Flott vun de Läschfligere gëtt weider ausgebaut. Wie sech déi Maschinnen eng Kéier méi genee ukucke wëll, kann dëst dëse Sonndeg um Iechternacher Séi am Kader vum nationalen Dag vum CGDIS maachen.

Wou gëtt et hei am Land dee beschte Kebab?

Dat wëlle mir vun Iech wëssen. Fir eis Äre Favorit matzedeelen, fëllt einfach de Formulaire op RTL.lu aus.

Toxescht Aarbechtsklima zu Conter?

An der Conter Gemeng schaffen d’Mataarbechter an toxeschem Aarbechtsklima, esou den OGBL. Wärend d’Oppositioun Äntwerte vum Schäfferot freet, baséiert dëse sech op en Audit, deen een an Optrag ginn huet an dee wuel Enn Oktober soll fäerdeg sinn.

Grouss Cyclisten am klenge Grand-Duché

Dës Woch sinn d’Profi-Vëlosfuerer am Kader vum SkodaTour de Luxembourg hei am Land. Ënnert hinnen och de Weltmeeschter Mathieu van der Poel an den Titelverdeedeger Marc Hirschi esou wéi eis beschte Lëtzebuerger.

Pageren a Walki-Talkien als Waff

Am Libanon si Kommunikatiounsgeräter zäitgläich explodéiert an hunn Dosenden Affer an honnerte Blesséierter produzéiert. Experten no goufen dës Pager extra preparéiert, fir als Waff agesat ze ginn. D’UNO verurteelt dëst Virgoen a warnt virun enger weiderer Eskalatioun.

Back to Top
CIM LOGO