Wéinst Heesche selwer denoncéiertParquet klasséiert Dossier Kmiotek ouni Suitten

RTL Lëtzebuerg
De Parquet vu Lëtzebuerg huet den Dossier vum Christian Kmiotek, dee sech selwer als Heeschert an der Stad denoncéiert hat, ouni Suitte klasséiert.

De Parquet vu Lëtzebuerg huet den Dossier vum Christian Kmiotek, dee sech selwer als Heeschert an der Stad denoncéiert hat, ouni Suitte klasséiert. De fréiere grénge Politiker huet de Bréif vum Procureur d’État vu Lëtzebuerg op Facebook publizéiert. An deem schreift de Georges Oswald: “compte tenu de toutes les circonstances, j’ai décidé de classer le dossier sans suites pénales”.

De Christian Kmiotek schreift selwer, hie géing am Géigesaz zum Policeminister Léon Gloden, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Premier Luc Frieden d’Decisioun vun der Justiz respektéieren an net kommentéieren.

Zanterdeem den Heescheverbuet an der Stad Enn Januar applizéiert gouf, goufen et zwee Procès verbauxen, dorënner eng Auto-Denonciatioun, hat d’Procureur général d’État Martine Solovieff Mëtt Mäerz kritiséiert. De Léon Gloden sot, hie géing dat ewéi en Hëllefsruff ugesinn.

RTL-News: Kmiotek denoncéiert sech wéinst Heeschen: “Et geet ëm d’Saach an ëm d’Leit”
RTL-News: Zanter dem 15. Januar: 438 Persoune goufen an der Stad oder op der Gare kontrolléiert

Back to Top
CIM LOGO