D'Woch op RTLTrump ass zeréck, Musk an der Kritik a bei Date doheem iwwerfall

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
D'Woch op RTL vum 24. Januar 2025
Themen: Trump zréck, Musek an der Kritik, bei Date doheem iwwerfall, Feier bei Goodyear, Basketprofien a Sträit involvéiert a CGFP fuerdert Punktwäert-Erhéijung

“He’s back”

Zanter e Méindeg sëtzt den Donald Trump nees am Oval Office am Wäissen Haus. An hien huet direkt e puer vu senge Menacë respektiv Versprieche wouer gemaach.

Dekreeter am Minuttentakt

An den éischte Stonne vu senger Presidence huet den Donald Trump eng Hellewull un Dekreeter ënnerschriwwen an direkt verschidden Decisioune vun de Biden-Regierung ausser Kraaft gesat. Ma d’Geriichter goufe séier saiséiert an och dës Woch sinn do schonn éischt temporär Urteeler géint Trump-Decisioune gefall. Esou kann den US-President net einfach den “Droit du Sol” fir verschidde Kanner ausser Kraaft setzen, well dëst an der Verfassung verankert ass.

E Gest suergt fir vill Kritik

Bleiwe mer an den USA. Am Kader vun der Vereedegung vum Donald Trump huet säin neie Beroder Elon Musk e ganz komesche Gest gemaach, dat esouguer zwee Mol. Dëst huet fir ganz vill Diskussioune gesuergt, well vill Leit dës Beweegung als “Nazi-Salut” verstanen hunn. Den Elon Musk selwer huet d’Kritik vu sech gewisen.

Grousst Feier bei der Goodyear

100 bis 120 Pompjeeë ware an Asaz, fir de grousse Brand, deen aus zwee Feier bestanen huet, ze läschen. 23 Persoune goufe bei dësem Feier blesséiert, 11 vun hinne koume fir Ënnersichungen an d’Spidol.

Éischten Date besser ni doheem

Zu Déifferdeng gouf e Mann a senger eegener Wunneng iwwerfall, nodeem hien eng Fra fir en Date bei sech invitéiert hat. Wärend dem Date huet et geschellt an d’Fra huet dräi arméiert Männer an d’Wunneng gelooss. Si hunn d’Affer geschloen an ënner anerem de Laptop a Smartphone vum Mann geklaut.

Zwee Méint Paus

De Marc Lies, Deputéierten a Buergermeeschter vun Hesper, huet annoncéiert, datt hien eng politesch Paus vun zwee Méint géif aleeën. D’Geschäfter an der Zentrumsgemeng wéi och an der Chamber sollen awer weiderlafen.

Sträit mat dräi Blesséierten

Dräi Leit goufe bei engem Sträit, bei deem zwee Basketprofien aus der 1. Divisioun hei am Land dran involvéiert solle gewiescht sinn, an engem Café um Lampertsbierg mat engem Messer verwonnt. D’Täter konnte flüchten awer kuerz dono vun der Police gestallt ginn. Déi zwee Männer koume virun den Untersuchungsriichter.

Déidlech Messerattack op Spillschoulsgrupp

Zu Aschaffenburg an Däitschland huet e Mann vun 41 Joer, deen d’Kanner beschütze wollt, an e Kand vu zwee Joer eng Messerattack net iwwerlieft. Den Täter, dee kuerz drop gestallt konnt ginn, koum an eng psychiatresch Klinik.

CGFP fuerdert Hausse vun 8 Prozent

Geet et der Staatsbeamtegewerkschaft no, kréien d’Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht eng Hausse vun 8 Prozent vum Wäert vun de Punkten. Aktuell läit de Wäert fir e Fonctionnaire bei 23,2752062 Euro pro Punkt a kéint, mat dëser Hausse, Phaseweis op 25,22 Euro eropgoen. Bei den Employéë géif dëse vun ronn 22,04 op 23,88 Euro eropgoen.

8 Leit an der Affär Caritas festgeholl

Mat der Arrestatioun vun 8 Persoune gëtt et en neien Ament an der Enquête ëm 61 Milliounen, déi am zejoert vu Konte vun der Caritas detournéiert goufen. Déi Beschëllegt goufe mat Hëllef vun Europol, Interpol an Eurojust wéi och der Police aus Groussbritannien, Bulgarien a Frankräich verhaft.

Back to Top
CIM LOGO