Och an dësem Joer hunn d'Leit sech nees fläisseg op eisem Site informéiert. Mir hunn déi meeschtgeklickten Artikele vum Joer zesummegefaasst.

Plaz 1: Den internationale Liveticker

Aktuelles aus der Welt

Op Plaz 1 gëtt et dëst Joer keng gréisser Iwwerraschung, well och 2024 ass eisen internationale Liveticker nees am meeschte vun eise User gelies ginn. Vu Krich, iwwer Naturkatastrophen, bis hin zu Geriichtsaffären a politeschen Themen, wéi de Walen an den USA oder dem Zesummebroch vun der Regierung an Däitschland. Hautdesdaags, an Zäite vun der Digitaliséierung a Krisesituatiounen, schéngt et eise User wichteg ze sinn, zäitno Informatiounen aus dem Ausland ze kréien. D'Méiglechkeet ze gesinn, wéi sech Evenementer entwéckelen, huet ëmmer nach en héije Reiz.

Eise Liveticker mat den aktuellen Informatiounen aus der Welt fënnt een dat ganzt Joer iwwer op der Startsäit vun eisem Site. A reegelméissegen Ofstänn sinn hei international Noriichte kuerz zesummegefaasst.

Plaz 2: De Liveticker iwwer d'Olympesch Spiller

D'Olympesch Spiller am Liveticker

Direkt hannendrun dann e weidere Liveticker, an zwar iwwer d'Entwécklunge bei den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis. Dës ware jo vum 26. Juli bis den 11. August. Vun der Ouverture iwwer déi sportlech Resultater an de Medailespigel bis hin zu der Ofschlossfeier konnt een an dësem Ticker alles iwwert Olympia 2024 bei eise franséischen Noperen noliesen.

Plaz 3: De Liveticker iwwer d'Wiederlag am Januar 2024

Meteolux mellt de 16. Januar eng Alerte rouge an orange fir den Dag drop
Wann d'Leit eppes wuel ëmmer wäert faszinéieren an interesséieren, dann ass dat d'Wieder, virun allem wa Schnéi a Keelt mat am Spill ass a wann d'Meldunge vu Meteolux dozou féieren, dass am Land Schoulen, Stroossen a Sportsveräiner hir Dieren de 17. Januar zouloossen, respektiv ganz vill Volle wéinst den Annoncen ausfalen an och zwee Mol eng Cellule de crise am Land zesummekomm ass.

Am Endeffekt gouf d'Vigilance rouge schonn am Nomëtteg vu Metelox nees opgehuewen, ma trotzdeem goufen et vill Ausfäll a Fermeturen, an hei wollten d'User natierlech um neiste Stand bleiwen.

Plaz 4: De Liveticker vun den Europawalen

Europawalen am Liveticker - En Iwwerbléck vun de Resultater an den EU-Länner

An och op der 4. Plaz steet dëst Joer e Liveticker, nämlech dee vun den Europawalen an den Iwwerbléck vun de Resultater an den eenzelen EU-Länner. De Grand-Duché selwer huet jo den 9. Juni sechs Deputéiert fir d'Europaparlament gewielt.

Plaz 5: De Liveticker iwwer den ESC

ESC-Liveticker-Lëtzebuerg kënnt op Plaz 13

Déi éischte Kéier no Jore mécht Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest mat, d'Euphorie am Land war dohier natierlech 2024 besonnesch grouss. An eisem Liveticker goufen et Detailer iwwer d'Eurovisioun an eis Kandidatin fir Lëtzebuerg, d'Tali, souwéi Wëssenswäertes a flott Fotoen.

Am ESC-Ticker gouf een als Interesséierten hei ouni Ënnerbriechung an "on point" informéiert. Och dëst Joer kënnt der Iech schonn iwwer eise Liveticker fir 2025 um Lafenden halen!

Plaz 6: Reen, Stuerm an Iwwerschwemmungen Enn Juni

Reen, Stuerm an Donnerwiederen - 2.770 Uriff um 112 a 632 Interventioune vum CGDIS - kee Persouneschued

No de fënnef éischte Plazen, ass dëst den éischten Artikel an eiser Top 10, dee kee Liveticker ass. Den 29. Juni, tëscht 19 Auer an Hallefnuecht, goufen et nämlech wéinst Onwiederen an dem ville Reen net manner wéi 632 Interventioune vum CGDIS zu Lëtzebuerg.

D'Police mellt 190 Virfäll, plus 20 Accidenter mat Materialschued. Dobäi kommen am Ganzen 2.770 Uriff bei de Rettungsdéngschter, dat bannent nëmmen e puer Stonnen.

Plaz 7: De Liveticker vum Besuch vum Poopst zu Lëtzebuerg

Poopst zu Lëtzebuerg - Loosst den Dag mat eisem Liveticker nach emol Revue passéieren

De 26. September war de Poopst François fir déi éischte Kéier a sengem Amt zu Lëtzebuerg, eppes dat natierlech bei ville Gleewegen, awer och Net-Gleewegen, fir Begeeschterung gesuergt huet.

Niewent enger Visitt bei der groussherzoglecher Famill an engem Tour duerch d'Stad mam Papamobil, war hien awer privat op e spontanen Espresso an der Ënneschtgaass ënnerwee. En Dag mat villen Andréck a Rendez-vousen.

Plaz 8: Héichwaasser an Iwwerschwemmungen Ufank Januar

Vill Reen - 19 iwwerschwemmte Gebaier, 4 futtis Fassaden oder Gelänneren a 7 Beem ëmgefall

Wéinst engem Déifdrockgebitt iwwer Dänemark koumen den 3. a 4. Januar maritim Loftmassen op Lëtzebuerg duer, also vill Flëss an Nieweflëss, déi geklomme sinn, Iwwerschwemmunge waren op ville Plazen am Land virprogramméiert.

Sou goufen et eng ganz Partie Haiser, déi Waasser am Keller stoen haten a Stroossen, déi hu misse gespaart ginn. Fir déi 2 Deeg hat Meteolux och am Virfeld eng Vigilance rouge erausginn.

Plaz 9: De Liveticker vun de Walen an den USA

US-Walen am Liveticker - Den Iwwerbléck vun allen Amenter

Op déi 9. Plaz kënnt dann nees e Liveticker an zwar dee vun de Walen an den USA de 5. November. Hei stounge sech jo d'Demokratin Kamala Harris an de Republikaner Donald Trump géigeniwwer. Och wann et laang onkloer war, wien d'Walen an den USA wäert gewannen an neien US-President gëtt, war d'Resultat schlussendlech dann dach relativ kloer: den Donald Trump huet et gepackt an ass fir eng 2. Kéier US-President ginn.

Den Interessi bei de Leit war grouss, sou dass den Ticker et ouni Problem an eis Top 10 gepackt huet.

Plaz 10: Héichwaasser Enn Mee zu Lëtzebuerg

Héichwaasser-Gefor méi staark wéi erwaart - Um Freidegmëtteg: 81 Asätz an iwwerschwemmte Kelleren, 6 Beem an der Strooss

An och eis Plaz 10 vun de meeschtgeliesten Artikelen op RTL.lu ass en Artikel iwwer d'Meteo. Hei war et virun allem d'Situatiounen am Zentrum an am Süde vum Land, déi deelweis geféierlech gi sinn.

Virun allem d'Klamme vun der Sauer an der Uelzecht hu fir deels Iwwerschwemmunge gesuergt, dat beispillsweis a Clausen, awer och zu Miersch, Dikrech oder Ettelbréck.