Mam Ronny Foxius a Steve Zimmer hunn zwee Lëtzebuerger Piloten et op de Podium gepackt.

E Samschdeg ass am Éislek déi 5. Editioun vun der Rallye Lëtzebuerg gefuer ginn. No 12 Speciallen a ronn 130 Kilometer gouf et eng Victoire fir de Belsch Adrian Fernémont mat sengem Kopilot Samuel Maillen. Eng staark Leeschtung hunn um Samschdeg awer och d'Lëtzebuerger Pilote gewisen. Mam Ronny Foxius (Kopilot Luc Arend) an dem Steve Zimmer (Kopilot Joel Tousch) hunn zwee Fuerer aus dem Grand-Duché et op de Podium gepackt.

Den Equipage Gilles Jacoby a Joé Mersch ass am Lëtzebuerger Klassement op déi drëtte Plaz gefuer. Si sinn déi 6. am General ginn.

Déi véier Equipagë si mat engem Skoda Fabia gefuer.

Weider Fotoe vum Rallye de Luxembourg