
© Alfa Romeo F1 Team Stake
Als éischten Ecurie léisst Alfa Romeo sech an d'Kaarte kucken a weist säi richtegen Auto fir 2023. Net nëmmen d'Faarwe sinn nei.
Nodeems Haas, Red Bull a Williams déi lescht Deeg nëmmen en nei lackéierte Showcar gewisen hunn, ass et scho bal eng Nouvelle fir sech: Alfa Romeo huet als éischten Ecurie hire richtegen Auto fir 2023 presentéiert. Op den éischte Bléck fält natierlech dat neit Faarfkonzept op. Zënter 2018 war AlfaRomeo-Sauber rout-wäiss ënnerwee. Am leschte Joer vun der italieenesch-schwäizer Partnerschaft ass den Auto rout-schwaarz. Well Audi d'Sauber-Team bis 2026 no an no iwwerhuele wäert, huet AlfaRomeo annoncéiert, sech Enn 2023 als Sauber-Partner zeréckzezéien.
Personell Verännerungen an der Direktioun
Iwwert de Wanter gouf et vill Changementer an der Direktioun vun der Ecurie. De CEO an Teamchef Frédéric Vasseur ass bei Ferrari gewiesselt. Den Ex-McLaren-Teamchef Andreas Seidl soll als neien CEO am Hannergrond d’Arrivée vun Audi preparéieren. Am Alldag soll den Alessandro Alunni Bravi d'Ecurie representéieren.
Bei de Pilote blouf awer alles beim Alen: Och 2023 wäerten de Finn Valtteri Bottas an de Chines Zhou Guanyu fir Alfa Romeo untrieden.
Neien C43: Evolutioun amplaz Revolutioun
Den C43 ass eng Weiderentwécklung vu sengem Virgänger. Well den C42 virun allem an der zweeter Hallschent vun der leschter Saison bal keng Punkte méi sammele konnt, gouf virun allem den hënneschten Deel iwwerschafft. Den C43 krut zum Beispill eng nei Boîte, eng nei Radophänkung an en neie Killsystem. E weidere Chantier mat deem sech wuel intensiv beschäftegt gouf, ass d'Zouverlässegkeet. Donieft gouf den ënneschte Buedem un déi nei Reegelen ugepasst.
E Freideg wäert den C43 eng éischte Kéier op d'Pist gelooss ginn, an zwar huet AlfaRomeo de Circuit vu Barcelona gelount fir e private Filmdag.