Serie Sportler a Corona-Zäiten (31)Gil Linster: Virtuell Coursse bidde wichteg Trainingsméiglechkeeten

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op e Lëtzebuerger Nascar-Pilot.
Gil Linster: Virtuell Coursse bidden Trainingsméiglechkeeten
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op e Lëtzebuerger Nascar-Pilot.

Zanter 2019 fiert de Gil Linster an der Nowuesserie vun der Nascar an Amerika. De Lëtzebuerger Pilot huet sech konsequent eropgeschafft an huet als grousst Zil, iergendwann d'500 Meile vun Indianapolis ze fueren. Bis dohinner ass et awer nach e wäite Wee. Am Moment gëllt et nämlech gedëlleg ze sinn a sech esou gutt ewéi méiglech op déi nächste Courssen ze preparéieren.

Zwou Saisonen an der Euronascar hunn dem Gil Linster d’Dier an Amerika opgemaach, wou hien 2019 am Oval zu Caraway seng éischte grouss Course gefuer ass. Mëttlerweil ass de 26 Joer ale Fréisenger den éischte Lëtzebuerger am 200-Mailen-an-der-Stonn-Club vun de séierste Piloten. Am Februar ass de Gil Linster nach 4 Courssen a Florida gefuer. Weider Evenementer ware geplangt, mä dunn huet Mëtt Mäerz déi amerikanesch Regierung d’Areesen aus Europa onméiglech gemaach. Gil Linster:“Et gouf keng Fluggesellschaft, déi geflunn ass. Mir hätten nach kënnen iwwer London probéieren, mee dat wier knapp ginn. An no Ofsprooch mat der amerikanescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg wier et ze vill Risiko gewiescht, dohanner 14 Deeg a Quarantän missen ze goen, an awer villäicht missen zeréckzekommen. Am Endeffekt sinn ech frou net an Amerika ze sinn. Mir hu wierklech gutt Strukturen fir de Virus ze bekämpfen.”

De Lëtzebuerger Pilot mécht alles fir prett ze sinn, wann erëm Coursse gefuer ginn. Deemno trainéiert de Gil Linster doheem. Dobäi sti virun allem Fitness a Koordinatiounstraining um Programm. Dat gehéiert zu sengem Alldag.

Gil Linster: “Deen huet sech net all ze vill geännert, och wann ech zu Lëtzebuerg sinn. Och meng Sponsore sti weider hannert mer. Mir setzen all an dem selwechte Boot, a wann mer dat zesummen an déi richteg Richtung dirigéieren, da komme mer och séier aus der Situatioun eraus.”

An der éischter Liga vun der amerikanescher Nascar ass den 8.Mäerz déi leschte Course gefuer ginn. Bis den 9.Mee inclus bleift dat och sou. D’Courssë goufen awer net komplett ofgesot, mä op en neien Datum verluecht. Bis dohinner ginn d’Fans mat enger virtueller Racing Challenge ënnerhalen. Déi éischt 2 vu 6 Courssen haten en Duerchschnëtt vun 1,2 Millioune Spectateuren op Fox Sports. Och wann déi kierperlech Ustrengung feelt, bidden virtuell Courssë wichteg Trainingsméiglechkeeten.

Gil Linster:“Och hei sinn ech mat mengem Team verbonnen. Si kënnen d’Course bei sech kucken an ech héiere si iwwert meng Kopfhörer, fir dann och d’Strategien an Erklärungen duerch ze ginn.”

Net kënnen an engem richtegen Nascar ze sëtze feelt dem Gil Linster. Mä de Lëtzebuerger mécht dat Bescht aus der Situatioun.

Gil Linster:“Et ass eng Zäit, wou ech kann dovunner profitéieren, Sachen lo nozehuelen, déi mer virun der Saison net fäerdeg kruten. Dat sinn Sponsorarbeschten an d’Ausschaffen vu Strategien.

Et heescht deemno, sech verbesseren a weider Gedold hunn. An dat ass sécher net sou einfach, wann ee Bensin am Blutt huet.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (30): Ralph DiseviscourtSerie Sportler a Corona-Zäiten (29): Michel Erpelding huet grouss Ambitioune fir d’Zäit no der KrisSerie Sportler a Corona-Zäiten (28): Eva Daniëls: Triathletin hofft, dëst Joer nach e puer Coursse kënnen ze maachenSerie Sportler a Corona-Zäiten (27): Den Dylan Pereira feiert eng virtuell Victoire Serie Sportler a Corona-Zäiten (26): De Jakob Fuglsang verbréngt seng Zäit den Ament zu Lëtzebuerg Serie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training “à huis clos” an der BundesligaSerie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fitSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’ZukunftSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien

Back to Top
CIM LOGO