De Ralph Diseviscourt hat zënter e Mëttwoch Probleemer mat der Nuque.

Well déi an der Nuecht op en Donneschdeg méi schlëmm gi sinn, huet hien zesumme mat senger Crew decidéiert, fir bei der Race Around Poland opzeginn.

Mat Massagen an Tapeverbänn an enger Spezial-Konstruktioun um Vëlo, déi säi Kapp wärend dem Fuere gestäipt huet, hat een zanter e Mëttwoch probéiert, d'Probleemer an de Grëff ze kréien. Well den Ultracycliste um Enn awer de Kapp quasi net méi beweege konnt, hätt een aus Sécherheetsgrënn déi schwéier Decisioun geholl, fir der Course een Enn ze setzen, sou de Luc Diseviscourt.

RTL

© Team Dizzy

Deen Ament louch den Ultracycliste op der zweeter Plaz. Vun den 3.600 Kilometer waren der deen Ament nach 1.100 bis op d'Arrivée zu Warschau ze fueren.

Ralph Diseviscourt a Polen / Interview Rich Simon