BundesligaLewandowski zitt mam Gerd Müller gläich, Mainz bleift éischtklasseg

RTL Lëtzebuerg
Am Match géint den SC Freiburg ass dem Robert Lewandowski dës Saison de 40. Gol gelongen an huet domat de Rekord vum Gerd Müller egaliséiert.

Um 33. Spilldag ass et an der däitscher Bundesliga am Kampf géint den Ofstig héich hiergaangen. Augsburg bleift duerch eng Victoire an der Bundesliga, an och Mainz bleift mam Leandro Barreiro ouni selwer gespillt ze hunn weider éischtklasseg. Dogéint musse Köln, Bremen a Bielefeld weider am Tabellekeller zidderen. Zu Freiburg gouf et iwwerdeems en historesche Gol fir de Robert Lewandowski.

Weider Resultater aus dem internationale Futtball am Iwwerbléck fannt Dir hei.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.Am Duell géint den Ofstig ass et tëscht Hertha a Köln kee Gewënner ginn. Zu Berlin si keng Goler gefall a sou ass de Match no 90 Minutten mat 0:0 op en Enn gaangen. Duerch eng verpasste Victoire muss den 1.FC Köln um leschte Spilldag weider zidderen, fir net de Wee an d'2. Bundesliga untrieden ze mussen. D’Hertha huet sech dogéint duerch de Punktgewënn gerett a spillt och nächst Saison an der héchster däitscher Liga.

Am zweeten Duell géint den Ofstig ass et fir Bremen zu Augsburg duerch eng 0:2-Defaite den nächste Réckschlag ginn. Den FC Augsburg louch fréi an Ënnerzuel, ma och Werder huet kuerz no der Paus ee Spiller verluer. An der 57. Minutt war et dann de Khedira, deen d’Lokalekipp a Féierung brénge konnt. Um Enn bleift Augsburg duerch eng Victoire der Bundesliga erhalen, wärend Bremen ee Spilldag viru Schluss op d’Relegatiounsplaz rutscht.

Zu Freiburg ass beim 2:2-Remis géint den FC Bayern en historesche Gol gefall. De Lewandowski huet duerch en Eelefmeter säi 40. Saison-Gol an der Bundesliga geschoss an doduerch de Rekord vun der Bayern-Legend Gerd Müller gläichgestallt. No weidere Goler vum Gulde, Sané a Günter ass d’Partie am Breisgau ouni Gewënner op en Enn gaangen.

An enger geckeger Partie konnt sech Schalke am leschten Bundesliga-Heemmatch fir eng ongewëss Zäit mat 4:3 géint Frankfurt duerchsetzen. D’Hoffnung op eng Champions-League-Plaz ass fir d’Eintracht domat immens kleng ginn.

Zu Leverkusen hu sech Bayer an Union Berlin mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt. De Wirtz konnt d’Werkself a Féierung bréngen, ma am zweeten Duerchgang war et de Pohjanpalo dee fir de Gaascht ausgeglach huet.

Kee Gewënner gouf et och an der Partie tëscht Bielefeld an Hoffenheim. De Kramaric huet d’TSG op der Alm fréi a Féierung bruecht, ma de Voglsammer konnt an der 23. Minutt ausgläichen. Um Enn ass et beim 1:1 bliwwen a sou muss d’Ekipp vu Bielefeld och um leschte Spilldag nach géint den Ofstig spillen.

Zu Gladbach gouf et fir de VfB Stuttgart eng 2:1-Victoire. D’Borussia konnt zwar duerch e Gol vum Stindl a Féierung goen, ma den Endo an de Kalajdzic hunn de Match an der zweeter Hallschent gedréint an domat déi dräi Punkte fir Stuttgart geséchert.

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO