Internationale FuttballLeicester City wënnt eng éischte Kéier den FA-Cup

RTL Lëtzebuerg
An der Finall géint den FC Chelsea ass eng 1:0-Victoire duergaange fir sech den éischten FA-Cup-Titel an der Veräinsgeschicht ze sécheren.

An der Bundesliga stoung e Samschdeg den 33. Spilldag um Programm.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

FA Cup-Finall

Chelsea - Leicester 0:1
0:1 Tielemans (63')

Fir déi éischte kéier an der Veräinsgeschicht konnt sech Leicester City d’Victoire am FA-Cup sécheren. Déi 20.000 Spectateuren am Wembley hunn eng éischt Hallschent gesinn, an där den FC Chelsea déi meescht Zäit den Toun uginn huet, déi awer ouni Goler op en Enn gaangen ass. Nom Säitewiessel ass Leicester dann ëmmer méi geféierlech ginn a sou huet et och an der 63. Minutt gerabbelt. Den Tielemans huet sech aus ronn 25 Meter en Häerz geholl a mat engem stramme Schoss den 1:0 fir d’Foxes markéiert. Dem Champions-League-Finalist ass et net méi gelongen de Match ze dréinen a sou wënnt Leicester d’Finall vum FA-Cup mat 1:0.

Premier League

Southampton - Fulham 3:1
1:0 Adams (27'), 2:0 Tella (60'), 2:1 Carvalho (75'), 3:1 Walcott (82')

Brighton - West Ham 1:1
1:0 Welbeck (84'), 1:1 Benrahma (87')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Genua - Atalanta 3:4
0:1 Zapata (9'), 0:2 Malinovskyi (26'), 0:3 Gosens (44'), 1:3 Shomurodov (48'), 1:4 Pasalic (51'), 2:4 Pandev (67'), 3:4 Shomurodov (84')

An enger Partie mat 7 Goler huet Atalanta déi zweet Plaz an der Tabell weider gefestegt. Bergamo war zur Paus mat 3:0 a Féierung, ass kuerz viru Schluss awer nach eng Kéier kuerz nervös ginn. Um Enn steet awer eng 4:3-Victoire an dräi wichteg Punkte géint den FC Genua.

Juventus - Inter Mailand 3:2
1:0 Ronaldo (24'), 1:1 Lukaku (35'), 2:1 Cuadrado (45+3'), 2:2 Chiellini (83'), 3:2 Cuadrado (88')

Am Kampf ëm eng Plaz an der Champions League ass et fir Juventus eng wichteg Victoire géint den neie Champion Inter Mailand ginn. Zwee Mol ass d’Bianconeri duerch de Ronaldo an de Cuadrado a Féierung gaangen, zwee Mol konnt Inter ausgläichen. Dem Cuadrado säin zweete Gol zum 3:2 huet dann an der 88. Minutt zur Entscheedung gefouert. Duerch déi Victoire steet Juventus elo nees op der 4. Tabelleplaz, sou dass Neapel muer am Match géint Florenz ënner Drock steet.

AS Roum - Lazio Roum 2:0
1:0 Mkhitaryan (42'), 2:0 Pedro (78')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO