An der Emissioun Kloertext goung et en Donneschdeg ëm d'Gewalt ënnert de Jonken, d'Roll vun de soziale Medien an d'Auswierkunge vun der Pandemie.

Gëtt et méi Cybermobbing a méi Gewalt bei Jonken?, déi Fro huet d'Caroline Mart um Donneschden den Owend am Kloertext gestallt. Enn Mee hat jo e Video den Tour vum Land gemaach, an deem ee gesinn huet, wéi e Schüler vun anere Jonken erniddregt a brutal vun hannen ugegraff gouf.

Resumé Kloertext/Reportage Dany Rasqué

Mobbing gëtt et scho méi laang, Cybermobbing ass nach méi en neie Phänomen, allebéid kënne se bei den Affer schro Narben hannerloossen. D'Nancy Holtgen ass Educatrice graduée, Anti-Gewalttrainerin, Assistante en famille a Life Coach. Si schafft zum Beispill mat Kanner, déi an de Lycée kommen a weess, wat deenen hir gréissten Angscht ass.

"Ech froe si ëmmer, wat ass är Horror-Situatioun, déi der am Lycée net wëllt begéinen. Se sollen déi dann opschreiwen, dass mer kënnen domadder schaffen, dass mer se dorop kënne preparéieren an zu 80 Prozent steet op deenen Ziedelen "Mobbing". Si fäerten immens immens, gemobbt ze ginn, well se et vill matkréien, well se et vill an de Medie gesinn. Et ass op der Tëlee, et ass an den Noriichten, si héieren et vu jidderengem an et geet bei deene Klenge schonn un, am zweeten, drëtte Schouljoer."

Sozial Medie wéi Instagram an TikTok gi fir Kanner ëmmer méi wichteg. Et ass essentiell fir si, op deene Plattformen e bestëmmte Bild vu sech ze weisen. De Sergio Gonçalves ass Educateur am Lycée Technique zu Bouneweg an als Judotrainer probéiert hien, Kanner a Jonke bäizebréngen, datt een och eppes kann, wann ee keng Dausende Follower huet. Hautdesdaags keng einfach Aufgab méi.

"Dat ass eng Saach, wou si als kleng Kanner scho wëssen, deen do huet esou vill Follower op Instagram oder op TikTok. Dat, wat fir si zielt, ass, wéi vill Follower se hunn a wie grad eppes geliked huet. Dat geet leider scho bei deene ganz Klengen un."

An d'Zuel vun de Follower, weess de Sergio Gonçalves, ass méi wichteg wéi gutt Punkten an der Schoul oder eng gutt Leeschtung am Sport. Sozial Medie sinn natierlech net vu vir era schlecht, d'Nancy Holtgen betount, datt et wichteg ass, wéi een domadder ëmgeet, ganz wichteg och d'Kommunikatioun tëschent Erwuessenen a Kanner.

"Deemools wéi ech zu Dräibuer geschafft hunn, et ass elo scho bëssen hier, hu Jonker gesot, de 50 Cent, ech weess net wéi dacks, datt op hie geschoss gi war, 10 Mol oder 50 Mol, "dee lieft jo och nach ëmmer, also ass dat jo guer net esou schlëmm, wann een op ee schéisst. Dee Lieft jo nach". Dofir soen ech, et ass wichteg, datt ee mat de Kanner kommunizéiert an hinnen erkläert, datt net alles Realitéit ass, wat se am Internet gesinn."

Gewaltpreventioun ass eppes, wat net just kann an der Schoul gemaach ginn. Do -betount de Roger Roth- den Direkter vum Lycée Nic Biever zu Diddeleng kann net alles opgefaange ginn. Et fänkt doheem bei den Elteren un.

"D'Kanner komme bei den Elteren op d'Welt a liewen déi éischt Joren do. Wa se an d'Schoul kommen, da misst eigentlech scho sou munches geschitt sinn a wa se an de Lycée kommen, da misst nach vill méi geschitt sinn. Leider ass dat ganz dacks net de Fall an dann hu mer verschidde Problemer."

Dacks awer keng Plaz, wou Jonker, déi a Schwieregkeete sinn, kënnen ënnerbruecht ginn. D'Unisec zu Dräibuer ass voll an d'Invitéen am Kloertext ware sech eens, datt et zu Lëtzebuerg net genuch adequat Plaze gëtt.

Eis Invitéen

Roger Roth
Direkter vum Lycée Nic Biever Diddeleng

Nancy Holtgen
Educatrice graduée , Antigewalt-Trainerin
Assistante en Famille, Life Coach

Sérgio Gonçalves
Trainer Judoclub Bouneweg
Educateur gradué am LTB

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)