Et gi spannend Walen am Hierscht! Onse Politmonitor confirméiert, dass sech déi dräi grouss Parteien ëmmer méi e Kapp u Kapp Renne liwweren.

Am Kloertext op der Tëlee hu Vertrieder aus deenen eenzelen Parteien iwwert déi Resultater diskutéiert an der CSV gefalen se nawell.
Fir déi Chrëschtlech sozial géif et e positiven Trend an dësem Politmonitor ginn, seet den Deputéierte Paul Galles. Datt den CSV-Spëtzekandidat et aus dem Stand eraus op déi 5. Plaz vun de beléiftsten a kompetentste Politiker packt, dierft do eng Roll spillen.

Fir dat Resultat huet de Paul Galles och direkt eng Erklärung parat.

"Ech kann Iech soen - wann dat eng Fro wier - firwat, datt dat esou ass.

Dat läit drun, datt de Luc Frieden wierklech e ganz lockeren an zougängleche Mënsch ass. E mécht keng 20 Selfien an der Sekonn, mä en ass awer een, deen Zäit huet, dee mat de Leit schwätzt, deen op d'Leit duergeet a sech ganz vill fir d'Leit intresséiert. (...) De Luc Frieden ass wéi e gudde Wäin an e gëtt all Joers besser."

De Paul Galles seet de Spëtzekandidat vun der CSV wier och ganz oppen, wann et ëm Klima a Sozialfroe geet, als eenzegen politesche Vertrieder ass de Sven Clement dunn awer intervenéiert.

"Dir zeechent hei e Bild vun engem Luc Frieden, wéi wann en operstane wier, bëssen nom chrëschtleche Virbild an et wier e ganz anere Mënsch gewiescht. En ass bei d'Deutsche Bank schafe gaang. Dat ass net grad déi klimafrëndlechste Bank, déi et gëtt. En huet och do keng Akzenter gesat fir dat z'änneren, e war bei der BIL, och déi ass net onbedéngt dofir bekannt, datt se immens vill gréng Fongen opgelëscht huet. Do sinn aner Banken hei zu Lëtzebuerg, déi si vill méi wäit a vill méi séier gaangen. Dann huet en als Minister de Katar mat an d'Cargolux era geholl. Dir sot mer elo net, datt de Katar dat Land ass wou Klimafroen prioritär sinn."

Fir den CSV-Deputéierte Paul Galles kéint een awer net dorausser schléissen, datt de Luc Frieden oder d'CSV net un Klima-an Ëmweltschutz intresséiert wieren.

Ee wichtege Sujet an dësem Walkampf dierft d'Steiergerechtegkeet sinn an do huet de liberale Parteipresident Lex Delles op d'Verspriechen vun der CSV reagéiert, datt jidderee manner Steiere soll bezuelen.

"Sou ka jiddereen an d'Wale goen, dat kléngt ganz gutt, mä mir wëssen alleguer, datt et esou einfach net ass. Wärend de Walen muss och eng CSV kucken fir verschidde Sloganen erofzebriechen, mä dat do ass vläicht bëssen too much."

Bëssen ass de Walkampf dann awer scho lancéiert an et dierf ee gespaant sinn op déi méi waarm Phase, déi de 4. September ufänkt.

D'Spëtzekandidaten trieden den 8. Oktober alleguer am Zentrum un, ausser d'Paulette Lenert, d'Spëtzekandidatin vun der LSAP.

De sozialistesche Fraktiounschef Yves Cruchten seet, dat hätt näischt domadder ze dinn, datt d'Paulette Lenert sech net mat hire Konkurrenten hätt wëlle moossen.

"D'Madamm Lenert huet fir sech decidéiert, datt si well am Oste matgoen, well si do verankert ass a sech mam Oste verbonne fillt. Et ass kloer, datt mir och driwwer nogeduecht hunn, ob et eis net méi géif hëllefen, wann si éierens anescht géif kandidéieren, mä si huet gesot, si wéilt dat net maachen. Dat war hire Choix an deen hu mir hir och gelooss. Vläicht kann een och soen, dass déi Leit am Osten mol eng Kéier d'Méiglechkeet hunn, vläicht fir d'éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg, de Premier ze wielen."

De Sondage weist och, datt déi Gréng et bei de Wale ganz schwéier kréien.

D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring, déi Co Spëtzekandidatin am Süden ass, seet d'Resultater missten engem Suerge maachen. Et misst een Efforte maachen fir d'Resultater vun der grénger Aarbecht méi ze weisen. Déi Gréng hätten hir Zieler erreecht a wéilten och weider an der Regierung bleiwen.

"Eise Klimaschutz, de Mënschen eng Zukunft bidden, Kanner, déi elo op d'Welt kommen, deenen hir Realitéit bestëmme mer haut. Dat hu mer déi lescht 10 Joer mat ganz vill Asaz gemaach a wa mer dat weiderhin eescht huelen, da mussen déi Gréng Deel vun enger neier Regierung sinn."

Mat gréngen Iddien an Elementer an eenzele Walprogrammer vun anere Parteie wier et nämlech net gedoen.

Eis Invitéeën am Kloertext

Joelle Welfring, déi gréng

Co-Spëtzekandidatin am Süden, Ëmweltministesch

RTL

© Eric Steichen / RTL

Lex Delles, DP

Parteipresident, Minister fir Mëttelstand an Tourismus

RTL

© Eric Steichen / RTL

Yves Cruchten,  LSAP

Fraktiounspresident, éischte Schäffe Käerjeng

RTL

© Eric Steichen / RTL

Paul Galles, CSV

Deputéierten, Schäffe Stad Lëtzebuerg

RTL

© Eric Steichen / RTL

Sven Clement, Piraten

Deputéierten

 

RTL

© Eric Steichen / RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.