Fréier war alles besser. Zum Beispill am Februar, wéi mer nach schaffe gaange sinn, an de Restaurant oder an de Kino.

Wann dat engem awer ze rezent ass, kann een eng Zäitrees an déi richteg gutt al Zäit maachen. Et brauch ee just eng Internetleitung...

1981. Russland an USA si matzen am kale Krich, de Ronald Reagan ass grad als President ageweit ginn.

D’Elizabeth an den Philip Jennings si bestuet mat zwee Kanner, si schaffen zesummen an hirer eegener Reesagence an hunn e schéint Haus an engem Viruert vu Washington. Wat awer wéi eng erfollegräich Koppel, déi den amerikaneschen Dram lieft ausgesäit, ass nëmme Fassade. A Wierklechkeet si se virun iwwer 15 Joer vum KGB als Koppel an Amerika ageschleist ginn a schaffen zanterhier als Geheimagente fir Russland. Wéi se nei Nopere kréien, de Stan Beeman, en FBI Agent, a seng Famill, gëtt hiert duebelt Spill nach méi geféierlech.

Nieft hire Missiounen, woubäi d’Elisabeth wäit méi idealistesch a patriotesch ass wéi hire Mann, geet et awer och ëm den Impakt, deen hiert duebelt Liewen op si als Koppel huet an op e Familljeliewen, bei deem d’Kanner anungslos sinn.

Donieft geet et awer och ëm déi politesch Dimensioun, wéi Russland an Amerika deemools matenee verfuer sinn, virun Glasnost an dem Fall vun der Mauer, an engem kale Krich. deen eng ganz Generatioun markéiert huet.

Déi 4 éischt Staffele vun „The Americans” gëtt et op Netflix, déi ganz 6 Staffele kann een op Amazon kafen.

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"