Déi 15. Editioun vum Festival "Congés annulés" ass an der Hallschent ukomm. Éier et awer un der grousser Closing Night ass, stinn nach e puer Concerten un.

Ugefaangen direkt e Méindeg den Owend mam "EKKSTACY", engem jonken Artist aus Kanada, deen den Organisateure vum "Congés annulés" no an nächster Zäit wuel nach vill vu sech schwätzen doe wäert. D'Véronique Heitz, Pressespriecherin vun de Rotonden:

"Hie kënnt vu Vancouver an hie kombinéiert am Fong catchy Melodie mat traurege Lyrics an d'Resultat ass e ganz intensiven New Wave Pop, deen deels e bëssi däischter Themen uschwätzt an awer ganz matrappend ass."

Och en Dënschdeg um Feierdag mécht de Festival ouni Ënnerbriechung weider. Op Besuch ass dann d'Band "Thus Love" aus den USA.

"Si maache Post-punk a sinn ze recommandéiere fir Leit, déi gäre Bands lauschtere wéi Bodega an Interpol oder awer och den David Bowie. Opener vum Owend ass hei déi lokal Indian band "Automn Sweater"."

Nieft ënnert anerem dem "Cory Hanson", Frontman vun der Band "Wand" an 3 weidere Concerten, ass et den 22. August dann um Headliner vun dëser Editioun vum Festival: "Les Savy Fav".

"Si sinn eng amerikanesch Kult-Indierock Band aus New York. Si si virun allem bekannt fir hir live Perfomance mam charismatesche Leadsänger Tim Harrington, deen och mol einfach am Slip op der Bün steet, also e villverspriechenden Owend, op deen ee sech ka freeën."

Den Dag drop, also den 23. August ass et da schonn un enger duebeler Closing Night an de Rotonden, dëst sou wuel fir de "Congés annulés" wéi och fir d'Expo "Voie 15".

"Fir de Sound suerge "First Mote", dat ass den instrumentalen Duo vum Jamie Reinart op der Gittar an dem Christophe Demart op den Drums. Am Rhythmus vun hirer Musek wäert dann d'Installatioun vun der "Voie 15" mat de live Illustratioune vum Artist Dirk Kesseler animéiert ginn, déi dann op de Quai projezéiert ginn."

Ma och dee belschen DJ a Produzent "Sensu" suergt hei um leschten Owend fir déi néideg Stëmmung an dat ier dann eng weider Editioun vun de "Congés annulés" op en Enn geet. Fir d'Closing Night ass den Entrée iwwregens gratis.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide

Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech

Den Tipp vun e Mëttwoch:Performance-Brunch "Patati Patata"

Den Tipp vun en Donneschdeg:Post History T'Our Night Edition

Den Tipp vun e Freideg: Summerdream Festival zu Stengefort

Den Tipp vun e Samschdeg:Äischdall-Trail

Den Tipp vun e Sonndeg: De Park Sënnesräich