Fortsetzungen, nei Bicher vu bekannten Auteuren a Romaner, déi elo iwwersat goufen an och op Däitsch op de Marché kommen. Hei ass eng Lëscht mat Bicher, op déi ee sech déi nächst sechs Méint freeë kann.

Seven Days vum Steve Cavanagh

Direkt am Januar kënnt dee sechste Band vun der Rei iwwert den Eddie Flynn op Däitsch eraus. Lescht Joer hate mir Iech schonn dat fënneft Buch Fifty-Fifty virgestallt.

Bei Seven Days geet et ëm de Randal Korn, dee scho méi Mënschen op den elektresche Stull geschéckt huet, wéi all anere Procureur an Amerika. Et nennt een hien de "König der Todeszellen", deen et genéisst bei den Exekutiounen nozekucken. Säin nächst Affer ass den Andy Dubois, e jonken Afroamerikaner, dee wéinst Mord zum Dout verurteelt gouf. De Randal Korn huet schonn alles fir e kuerze Prozess virbereet, awer net mam Eddie Flynn gerechent. Dem New Yorker Affekot bleiwe siwen Deeg, fir den Andy virun enger korrupter Justiz ze retten, an de richtege Mäerder ze fannen.

Am Original heescht d’Buch The Devil’s Advocate. Déi däitsch Iwwersetzung kënnt de 17. Januar op de Marché.

Im Auftrag der Krone vum Jeffrey Archer

Net onbedéngt passend zu Vältesdag kënnt op dësem Dag dat neit Buch vum Jeffrey Archer senger Warwick-Krimi-Serie eraus. Eventuell kann et awer e flotte Kaddo fir de Partner sinn, wann deen d'Rei scho kennt.

De William Warwick, deen aus gudde Verhältnesser kënnt, huet ee Wonsch: Hie wëll eng Karriär bei der Police maachen, vum einfache Polizist, deen op Patrull geet, bis zum Kommissär. Am neisten Deel ass de William mat senger Ekipp fir d'Sécherheet vun der Kinneksfamill zoustänneg. Dobäi komme si allerdéngs dem Plang iwwert en Déifstall op d'Spuer.

Die Insel des Zorns vum Alex Michaelides

Siwe Persounen, dräi Schëss, eng Läich. Dorëms geet et am Februar am nächste Psychothriller vun der Autorin vun Die stumme Patientin. Och dëst Buch hate mir Iech schonn eng Kéier virgestallt.

D'Lana Farrar, eng vun de berüümtste Frae vun der Welt, verbréngt d'Ouschtere fir gewéinlech op hirer griichescher Privatinsel an invitéiert wéi all Joer hir enkste Frënn, fir eng Auszäit vum englesche Wieder ze genéissen. Duerch e staarke Stuerm sëtze si allerdéngs op der Insel fest an hir kleng Vakanz entwéckelt sech zu enger Tragedie, duerch déi nach ee vun hinne stierwe soll. Et ass e Krimi mat spannende Personnagen, déi alleguer e Mordmotiv hätten.

Funny Story vum Emily Henry

No Happy Place, Book Lovers a People We Meet on Vacation kënnt viraussiichtlech am Abrëll eraus, en neit Buch vum Emily Henry. Et ass d'Geschicht vun zwee Friemer mat zwee gebrachenen Häerzer an engem verréckte Plang fir de Summer.

D'Daphne schafft als Bibliothekärin an der Heemechtsstad vu sengem Ex-Frënd Peter. Mat sengem Dramberuff kann hatt seng Rechnungen allerdéngs bal net bezuelen an an der Uertschaft huet hatt weder Frënn, nach Famill. Déi eenzeg Léisung ass et, eng Wunngemeinschaft mat der eenzeger Persoun ze grënnen, déi seng Situatioun versteet: Sengem Ex, säi beschte Kolleeg Miles. Ufanks ginn déi zwee sech gréisstendeels aus dem Wee, bis si owes eng Kéier hir Suergen zesummen an Alkohol erdränken.

Et ass eng romantesch Komedie mat Personnage, fir ze verléiwen, a grousse Gefiller.

Ihr wollt es dunkler vum Steven King

Op 12 nei spannend Geschichte aus verschiddene Genrë vum Stephen King kann ee sech am Mee freeën. Dat esouwuel op Däitsch, wéi och op Englesch am Original You Like it Darker.

An enger dovun geet et ëm zwee Frënn. Den Danny dreemt vun enger Läich, déi hien dann tatsächlech fënnt. An den Aen vun der Police ka just hien de Mäerder sinn. De Vic mécht Vakanz a Florida, wou hien eng eeler Fra kenne leiert, déi op tragesch Aart a Weis ëm d'Liewe kënnt.

Die Radleys vum Matt Haig

Och am Mee kënne sech d'Fans vum vill geluefte Buch Die Mitternachstbibliothek no ronn 14 Joer endlech op déi däitsch Iwwersetzung vun The Radleys freeën. Aktuell gëtt esouguer schonn un enger Verfilmung geschafft.

D'Radleys sinn eigentlech eng ganz normal Famill aus der Mëttelschicht. Mee wisou leeft all Déier virun hirer Duechter Clara fort a wisou kann hire Bouf Rowan trotz Sonnecrème net an d’Sonn? D'Elteren hunn hire Kanner e klengen Detail net erzielt: Si si Vampiren.

The Midnight Feast vum Lucy Foley

Am Juni soll en neit Buch vun der brittescher Autorin vun The Guest List an The Paris Apartment erauskommen. De Krimi erzielt vun der Ouverture vun enger Hotel un der Küst. D'Leit komme lues a lues un, et gëtt mat Schampes ugestouss an um Himmel ass e wonnerschéine Sonnenënnergang ze gesinn. Ma hannert der Feier stécht méi. Den Hotel huet eng geheim Geschicht an nuets sollen nach eng Partie weider déidlech Geheimnisser un d'Liicht kommen.

Forever Never vum Lucy Score

Spéitstens zanter der Trilogie mat de Bicher Things We Never Got Over, Things We Hide from the Light an Things We Left Behind ass d'Lucy Score ville Lieser e Begrëff.

Et verléift ee sech net an d’Ex-Frëndin vum Brudder oder an d'Duechter vum Chef. Scho guer net, wann et sech dobäi ëm déi nämmlecht Fra handelt. Ma genau dorëms geet et am Lucy Score sengem neie Roman. De Brick Callan gëtt am Allgemengen nämlech net séier no, mat enger Ausnam: d'Remi Ford. Déi zwee verbënnt eng laang a komplizéiert Geschicht a bemol kann de Brick sech net méi zeréckhalen.

D'Buch kënnt am Juni op Däitsch op de Marché.