Renault léisst seng Geschicht nees opliewen a leet zwou Ikonen nei op.

Publikumsmagnéit um Festival

Retrodesign war Ufank 2000 grouss am Trend, elo gräift Renault déi Moud nees op an huet nawell eng glécklech Hand. Den neie Renault 5 E-Tech electric krut bausse wéi banne vill Elementer vum fréiere klenge Renault op a kombinéiert déi mat modernem Elektroundriw an engem relativ attraktive Präis. Als grouss Iwwerraschung fir de Festival wäert schonn deen neie Renault 4 E-Tech electric de Wee an de Showroom fannen. Och hei wëll Renault Marken-Enthusiasten mat engem Revival ulackelen: de 4 baut wéi säi Virgänger zimmlech héich a leet Wäert op dat Praktescht.

Nei SUV-Modeller

Facelift oder neie Modell – den neie Captur ënnerscheet sech schonn zimmlech staark vu sengem Virgänger, behält awer nach ëmmer déi typesch Design-Elementer. Besonnesch ënnert dem Blechkleed gouf vill verbessert, sief et Infotainment, Fuerwierk oder Assistenzsystemer. E puer Kategorien driwwer nennt sech d’Coupé-Versioun vum Austral Rafale – den Design steet natierlech am Mëttelpunkt a soll mat der Schockelassäit, der eleganter Coupé-Silhouette opfalen. D’Technik kënne mer schonn, haptsächlech Hybrid-Motorisatioune mat 200 an 300 PS stinn um Programm. E bësse manner den Design mee méi d’Famill stoung beim neie Symbioz am Mëttelpunkt. Esou wéi schonn am Renault 16 oder am Espace soll op klengstem Raum vill Plaz gebuede ginn; an Zuele sinn dat 7 Plazen opnëmme 4,25 Meter oder awer 5 mat enger enormer Mall, jee nodeem wéi een et brauch.