Porsche geet stramm a Richtung Elektrifizéierung – nom Taycan steet deen nächste reng elektresch ugedriwwene Porsche an de Startlächer.

Ëmgestallt

Den neie Macan gëtt et nëmmen nach mat Elektromotor. An net nëmmen den Undriw, mee och den Design geet an eng ganz aner Richtung. An awer soll et ee richtegen a virun allem brauchbare Porsche bleiwen, dofir suerge bis zu 516 PS a ginn iwwer 600 km Autonomie versprach. Dat war iwweregens och een Thema beim Facelift vum Taycan. No 4 Joer gouf bei der elektrescher Sportlimousinn un all Schrauf gedréint: Leeschtung, Autonomie, Dynamik a Luedtechnik.

Ouni Firlefanz

D’Gamm vum 911 gëtt erweidert: den 911 Carrera T (T fir “Touring”) steet fir d’Konzentratioun op dat Wiesentlecht. En agillt Fuerwierk mat Steierung un der hënneschterAchs, wéineg Gewiicht, en emotionale Klang a perfekt Kontroll via eng manuell Boîte – wat wëll ee méi?