Wéi vill Conseillers de gouvernement brauch een, fir d'Staatsgeschäfter um rullen ze halen?

Wéi vill Conseillers de gouvernement brauch een nieft allen anere Beamten, fir d’Staatsgeschäfter um rullen ze halen? Déi Fro kann ee sech duerchaus stellen, wann ee bedenkt, datt et den Ament eng 50 Premiers Conseillers de gouvernement gëtt. D'Michèle Sinner sicht a sengem Commentaire no enger Äntwert op dës Fro.
No zéng Joer blo-rout-grénger Koalitioun gëtt et alles an allem ronn 90 Conseillers de gouvernement toutes categories confondues, déi soss och alt "politesch Beamten" genannt ginn. Si hunn net all eng Parteikaart, ma si kënne laanscht de Concours vun der Fonction publique nominéiert ginn, duerch deen déi "normal" Conseilleren am Grade x,y,z vun der Beamtecarrière ginn.
Dobäi ass genee dat jo den eigentleche Probleem: datt et d’Konzept vun de politesche Beamten zu Lëtzebuerg net gëtt. Justement ginn d’Premier Conseilleren op siwe Joe genannt, wärend eng Legislaturperiod der fënnef huet. Déi Differenz hëlleft evitéieren, datt linnentrei Parteileit de Staatsdéngscht ënnerwanderen, wou een op d’Verfassung, net op säi Minister, schwiert. Well weder d’Premier Conseilleren, nach déi aner Conseillers de gouvernement, deenen hir Nominatioun net zäitlech begrenzt ass, verschwannen dono aus der Fonction publique. Héchstens an engem Schaf. An et ass jo och net wënschenswäert, datt all fënnef Joer e Bus voller Leit debarquéiert, vun deene keen eng Anung huet, wéi de Betrib funktionéiert, dee si iwwerhuelen: nämlech de Staat.
Anerersäits ass et awer méi ewéi legitim, datt MinisterInnen, wann se e Ressort iwwerhuelen, un hirer Säit eng Koppel Leit wëllen, déi hinnen hëllefen, déi Politik ze maachen, fir déi se gewielt goufen. Als improviséiert Solutioun hu verschiddener vun hinnen am Organigramme vun hire Ministère e fiktive Cabinet ministériell agefouert. Fiktiv, well, mangels politesch Beamten, déi ee kéint dra setzen, ass esou e Cabinet am Lëtzebuerger System eben och net virgesinn.
Een Argument, fir den héije Beamten en Titel an domat e Bonus an der Pai ze ginn, ass, datt sech vun engem gewësse Responsabilitéitsniveau un, d’Verhältnis, dat sou oft vun de Privatpatronen beklot gëtt, ëmkéiert, an een am Private méi Spéin kritt, méi Boni a Reesbudget, wéi am ëffentlechen Déngscht. An och de Staat brauch gutt Käpp, fir all déi Probleemer, virun deenen d’Land steet, an Ugrëff ze huelen an hoffentlech Meeschter ze ginn.
Ma wann ee sech déi aktuell Quantitéiten u Conseilleren an och hir Verdeelung tëscht de Ministèren ukuckt, ass ee verleet sech ze froen, ob verschidde vun deene blo-rout-grénge MinisterInne d’Instrument vun deene Conseilleren net awer e wéineg abuséiert hunn, fir perséinleche Fiffien a parteitreie Couchouen eng sécher Plaz oder e schéinen Titel an domat hir Loyalitéit ze sécheren.
Fir dat mat engem Beispill ze ënnermaueren: Am Staatsministère, wou den Nach-Haushär Xavier Bettel sech als Primus inter pares versteet, dee selwer kaum een thematesche Ressort beschafft, ginn et aacht Conseilleren, an der Ekonomie siwen. Mä am Logement, deem Beräich, an deem et zanter Jore brennt, just zwee.
Wie sech elo freet, ob méi Wunnenge gebaut gi wären, wann et am Logementsministère méi Conseillere gi wären, dee muss sech och froen, ob mer eng Rezessioun riskéieren, wann et am Wirtschaftsministère manner Titele gëtt, respektiv, ob ouni déi d’Aarbecht net ka gemaach ginn.
Dobäi kënnt, datt de System ontransparent ass, well d’Regierung net méi aktiv kommunizéiert, wa Conseillere genannt ginn, mee een de Memorial B muss no de Nominatiounen ofsichen an e mam Telefonsbuch kräizen, wann ee well wësse, wie wou hockt.
Do géif et der neier Regierung elo natierlech gutt zu Gesiicht stoen, wann se eng dauerhaft Solutioun, en neie System géing aféieren, dee virgesäit, datt d’MinisterInnen eng räsonabel a limitéiert Zuel vu politesche Beroder matbréngen, déi kloer als solch identifizéiert sinn, an déi och nees mat hinne ginn. Mä wéi géifen déi nei MinisterInnen dann dono all hir perséinlech Fiffien a parteitrei Chouchoue bei de waarmen Uewe bréngen?
Liest dozou och: