Serie Verschwörungen (5)Wat wësse mir iwwert de Virus?

Petz Bartz
Pierre Weimerskirch
Am leschten Deel vun eiser Serie maachen de Petz Bartz an de Pierre Weimerskirch nach emol de Point vun deem, wat mer aktuell iwwer de Virus wëssen.
Wat wësse mir iwwert de Virus?
Am leschten Deel vun eiser Serie maachen de Petz Bartz an de Pierre Weimerskirch nach emol de Point vun deem, wat mer aktuell iwwer de Virus wëssen.

Déi Zwee hunn och versicht ze erklären, wéini de Virus fir d’éischt zu Lëtzebuerg war.De Paul Nurse ass e brittesche Biochemiker, deen 2001 de Nobelpräis an der Medezin krut fir d‘Entdeckung vu Schlësselregulateure vun der Zelldeelung a – Räifung. Verschwierungstheorië géifen ëmmer erugezu ginn, wann een no einfachen Erklärunge sicht: “Ech si guer net iwwerrascht, datt dat geschitt ass. Mee se hu bal all hiren Ursprong an den USA. An dat reflektéiert d‘Kultur, di den Donald Trump propagéiert.”

Esou ass d‘Fro vum Ursprong vum Virus nach ëmmer net gekläert. Offiziell ass weider de Maart zu Wuhan déi Plaz, wou de Virus vum Déier op de Mënsch eriwwer gesprongen ass.

Ma Fuerscher weltwäit ginn dovun aus, datt de Virus scho September/Oktober muss éischt Mënschen infizéiert hunn. Eng rezent verëffentlechen Etüd wëll mëttels Satellitte-Biller weisen, dat schonn am September méi Undrang a Spideeler zu Wuhan war, wéi am Verglach zum Joer virdrun.

Den éischte bestätegte Fall zu Lëtzebuerg vun enger Persoun, déi sech mat Sars-CoV-2 infizéiert huet, gouf et den 29. Februar. E Mann, deen aus Italien zréckkoum.

Wëssenschaftler aus dem Fuerschungszenter LIST konnten allerdéngs réckwierkend scho Mëtt Februar Virus am Ofwaasser an der Schëfflenger Kläranlag noweisen. Zu deem Zäitpunkt war Fuesvakanz, Leit, déi sech do infizéiert hunn, dauchen an der Statistik déi Woch drop op.

Bei Prouwen, déi Mëtt Mee gemaach goufen, war d‘ Viruskonzentratioun esou niddreg, datt ee se net méi noweise konnt, deen Ament goufen an der Moyenne 8 Nei-Infektiounen den Dag enregistréiert.

Wéini de Virus fir d‘éischt am Grand-Duché zirkuléiert ass, versicht de Staatslabo erauszefannen. Prouwe vum Enn leschte Joer ginn nach emol noënnersicht.

Iwwer 125 Vaccine sinn a pre-klineschen Etüden. Jee 7 Kandidate sinn an der Phas 1 an 2. An der Phas 3 ginn aktuell 2 Impfstoffer analyséiert. Bis dohi brauche mer nach all vill Gedold.

D’Serie Verschwörung am Replay

Serie Verschwörung (4): Verschwörungstheorië suerge fir Attacken op 5G-Masten Serie Verschwörung (3): Wëll Theorien a Fakten iwwer Impfstoff-Entwécklung fir Sars-CoV-2 Serie Verschwörung (2): Mëssverstoen, Fake News oder geziilt Ierféieren?Serie Verschwörung (1): Coronavirus scho bei Militär-WM 2019 zu Wuhan ausgebrach?

Back to Top
CIM LOGO