Lëtzebuerger am Corona-AuslandSituatioun an de Klinicken a Portugal weider ugespaant

RTL Lëtzebuerg
Fir dem Land an de Leit ze hëllefen, ass aktuell och eng Ekipp aus dem Grand-Duché op der Plaz am Asaz.
Weider ugespaante Situatioun an de Klinicken a Portugal
Fir dem Land an de Leit ze hëllefen, ass aktuell och eng Ekipp aus dem Grand-Duché op der Plaz am Asaz.

Portugal ass vun der Corona-Pandemie besonnesch schwéier betraff. Enn Januar waren d’Klinicke voll an de Gesondheetssystem iwwerlaascht. Och Lëtzebuerg huet dem südeuropäesche Land viru kuerzem gehollef an eng medezinesch Ekipp an eng Klinik op Evora geschéckt. Hiert Zil ass et, Covid-19-Patienten ze traitéieren. Hir Missioun dohannen dauert 15 Deeg a geet d’nächst Woch op en Enn. Mir hunn an deem Kontext mat engem Dokter geschwat, deen aktuell op der Plaz hëlleft.

D’Ekipp, déi aus 2 Dokteren an 2 Infirmiere besteet, hëlleft an der Klinik vun Evora am Südoste vum Land. Se hëlleft beim Traitement vu Covid-19-Patienten. D’Situatioun wier nach ëmmer ugespaant, erkläert eis een Dokter.

Portugal mat senge ronn 10 Millioune Mënschen, gouf am Januar weltwäit am schwéierste vun der Pandemie getraff. Déi séier Hausse vun den Neiinfektiounen hat zu enger Iwwerlaaschtung vun enger rei Klinicke gefouert, virun allem an der Regioun vun der Haaptstad Lissabon. De Pic, vun der Well am Januar, gouf schonn areecht.

Portugal krut och Hëllef aus Däitschland, déi eng Militär-Ekipp mat 26 Dokteren an Infirmieren an eng Privatklinick zu Lissabon geschéckt haten. D’Hëllefsoffer, déi Portugal vun aneren EU-Staate krut, appreciéiert den Dokter.

D’Verleeë vu Patienten aus dem Portugal an d’Ausland bleift aktuell dann och just eng Noutléisung.

Lëtzebuerger am Corona-Ausland: De Richard Philippart iwwert d’Situatioun am Laos
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Ënnerschiddlech Länner - ënnerschiddlech Mesuren
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Streng Ausgangsspär a Griicheland
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Den Olivier Klein iwwert d’Situatioun zu Hongkong
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: D’Martine Greischer iwwer d’Situatioun a Bolivien
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Den Thierry Schoen iwwert d’Situatioun zu London
Lëtzebuerger am Corona-Ausland: De Mike Frantz iwwer d’Situatioun a Südafrika
RTL-Artikel: Lëtzebuerger am Corona-Ausland: Zu Los Angeles sinn d’Klinicke komplett iwwerlaascht

Back to Top
CIM LOGO