Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC

An eiser Serie iwwer d'CNS gi mir op méi speziell Congéen an. Dës Woch geet et em den Congé während der Stierfbegleedung.
Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft, huet d'Recht, de "congé d'accompagnement en fin de vie" unzefroen. Dee gëllt, wann ee vun de Familljememberen am terminale Stadium vun enger schwéierer Krankheet ass.
A Fro kommen hei: d'Elteren, d'Kanner, d'Stéifkanner an d'Schwéierelteren. Awer och Geschwëster, Schwoeren a Schwéieschen. An dann de Conjoint. Oder, wann et en agedroent Partenariat ass, och de Partner.
Ma wéi laang däerf ee sech fir eng Stierfbegleedung fräihuelen?
De Congé d'accompagnement ka vun deem Dag u geholl ginn, wou de constat de fin de vie vum Dokter festgestallt gëtt. Et kënnen am deem Fall maximal 5 Schaffdeeg Congé geholl ginn, ma déi 40 Stonne mussen net beienee geholl ginn, sou de Gaston Fischer, Assistant de Projet bei der CNS. An deem Fall muss de Patron awer domat averstanen sinn. Oder et muss e Fall virleien, wou méi Leit déi a Fro kommen de Congé op sech opdeelen.
Dann huet jiddereen en partielle Congé d'accompagnement zegutt. Deen däerf awer och net méi laang wei 5 Deeg sinn.
Mam Decès vun der Persoun déi begleet ginn ass, kënnt dëse Congé dann och automatesch op e Schluss.
Fir e Congé d'Accompagnement unzefroen, muss ee bei säin Dokter goen. Dee fëllt deen Ament e spezielle Formular vun der Gesondheetskeess aus.
Wann déi Persoun déi begleet gëtt, net Assuré zu Lëtzebuerg ass, da muss en acte de naissance, e Familljebuch oder eng Kopie vun der Carte d'identité bei der Demande bäileien.
An am Fall vun enger Genehmegung vum Congé d'accompagnement kritt ee vun der CNS e Carnet d'accompagnement zougestallt. Do leien da Formulairen dran, déi als justification d'absence gëllen. Déi numeréiert Etiquetten déi och dobäi sinn, mussen hei op déi jeeweileg Pabeieren opgepecht ginn an déi muss ee sengem Patron zoukomme loossen.
Genee wéi beim Congé aus Familiäre Grënn streckt de Patron och hei d'Indemnitéit fir de Congé d'accompagnement vir, ma kritt déi dann duerno rembourséiert.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?
Serie CNS (19. Deel) - Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?
Serie CNS (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn
Serie CNS (21. Deel) - Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC.