De Congé de Maternité zu Lëtzebuerg

© AFP (Archiv)
An eiser Serie iwwert d'CNS gi mer dës Kéier méi konkret op de Congé de Maternité an. Wéini däerf een dësen ufroen? Wéi laang dauert en?
D'Gebuert vun engem Kand ass eppes Wonnerschéines, ma bréngt och vill Stress an Aarbecht mat sech. Do dinn e puer Wochen, fir sech komplett op d'Kand a sech ze konzentréieren, guer net schlecht.
Fir datt eng Assurée d'Recht huet op de Congé de Maternité, muss si an den leschten 12 Méint virum Ufank vum Congé op d'mannst 6 Méint obligatoresch verséchert gewiescht sinn.
Dëse concernéiert och just schwanger Fraen an ass net mam Congé Parental ze verwiesselen, deen och de Mann ka kréien. Fir de Congé de Maternité ze kréien, muss en Zertifikat vum Gynekolog ausgestallt ginn, dee spéitstens an de leschten 12 Woche virum viraussiichtlechen Termin per Post un d'CNS geschéckt ginn.
De Congé de Maternité ass an 2 Phasen agedeelt. De Congé Prenatal an de Congé Postnatal. Béid sinn theoretesch 8 Woche laang.
De Congé Prenatal, dat sinn 8 Woche virum viraussiichtlechen Datum vun der Entbindung. An de Congé Postnatal sinn och 8 Wochen nom Datum vun der Entbindung. Wann awer elo den Accouchement virum viraussiichtlechen Termin ass, da gëtt deen Deel vum Congé Prenatal, deen net geholl ginn ass, beim Congé Postnatal bäigesat.
Wann den Accouchement awer eréischt nom geplangte Gebuertsdatum ass, da gëtt de Congé Postnatal einfach verlängert.
Ma de ganze Congé de Maternité däerf sech awer net op méi wei 20 Wochen zéien.
An och nëmmen de Congé Postnatal ka vun 8 op 12 Woche gestreckt ginn, awer och just a spezielle Fäll.
Bei enger Fréigebuert z.B., wann en Certificat vum Dokter virläit, dee confirméiert, datt d'Accouchement virun der 37. Woch stattfonnt huet.
Dat ass och de Fall bei enger Grossesse multiple ass, oder wann d'Mamm d'Kand niert. An deem Fall muss e Certificat vum Gynekolog presentéiert ginn, dee fréistens 5 Wochen nom Accouchement ausgestallt gouf.
Iwwer de Congé de Maternité ass d'Gesondheetskeess kompetent, fir d'Ausbezuele vun der Indemnité pécuniaire de maternité. Déi ersetzt d'Pai vum Patron a gëtt ëmmer um Enn vum Mount iwwerwisen. De Montant ass dee selweschte, wéi dee vun der Pai virdrun.
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?
Serie CNS (19. Deel) - Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?
Serie CNS (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn
Serie CNS (21. Deel) - Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC.