U sech sollt de Frank Engel, deen d'CSV am Sträit verlooss hat, bei der Presentatioun dobäi sinn. Hie wier den Ament awer hospitaliséiert.

Déi nei Partei "Fokus" - Reportage Pit Everling

Ënnert senge Parteikolleegen ass de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert an deen hat hei op RTL schonn annoncéiert, datt déi nei Partei generell wéilt biergerlech Wäerter valoriséieren. De Marc Ruppert wäert dann och de Poste vum Parteipresident anhuelen, d'Anne Lecuit an d'Françoise Kirsch ginn iwwerdeems Vizepresidentinnen. De Gary Kneip kritt de Poste vum Generalsekretär an de Frank Engel, déi wéi gesot op der Presentatioun net konnt dobäi sinn, gëtt de Porte-parole vun der Partei "Fokus". D'Informatioun, datt de Frank Engel, well hien hospitaliséiert ass, net op der Presentatioun kann dobäi sinn, gouf kuerz virun der Pressekonferenz bekannt ginn.

Weider Membere sinn de fréiere President vun der Handelskonfederatioun an DP-Member Gary Kneip an den Affekot a grénge Gemengerot vun Esch de Luc Majerus.

RTL

© Pit Everling (RTL)

Fokus huet och no 14 Auer den offiziellen Internetsite online gesat. Ënnert den 20 Grënnungsmembere sinn och 5 Fraen, dorënner d’Estelle Malané, déi DP-Member war, oder d'Anne Lecuit, déi fréier Vizepresidentin vun der nationaler Schülerkonferenz. Weider Membere sinn Entrepreneur, Dokteren, Affekoten, Handwierker oder nach Beamten. Ënnert hinne sinn, mat ënner anerem dem Garry Assel an dem Michel Schmit, och aner fréier CSV-Memberen.

Si wëll anescht sinn ewéi déi aner. Fokus heescht déi nei Partei ronderëm de Frank Engel. E Méindeg de Mëtteg goufen éischt Detailer presentéiert, allerdéngs war de Kapp vun der Partei beim Lancement net present.

D'Theme-Schwéierpunkte leie beim Klima, Logement, Mobilitéit, Ëmwelt, Schoul a Rechtsstaat. Een Ziel ass och d'Schafe vun engem Biergerrot mat reellem Pouvoir.

Et wëll een net ideologesch, mä pragmatesch sinn a Politik fir all d'Bierger maachen a biergerlech Wäerter vertrieden.

Zu deene Wäerter zielen de Respekt, d'Solidaritéit, d'Eegeverantwortung oder nach d'Verankerung vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun. E Grondsazprogramm gëtt et den Ament nach net.

Den Ex-CSV-President gëtt also Spriecher vu Fokus. President gëtt de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert, deen e Méindeg de Mëtteg erkläert huet, firwat "Fokus" eigentlech steet.

De Marc Ruppert, President vu "Fokus"

Fokus"wëll d'Aart a Weis, fir Politik ze maachen, nei definéieren. Et wëll een anescht sinn, ewéi dat, wat et bis ewell gëtt. Ënner anerem wëll een dat mat Transparenz a Participatioun, och Net-Membere solle mat agebonne ginn, ënner anerem Fachleit solle bei Aarbechtsgruppen dobäi sinn, déi am Mäerz lancéiert ginn, sou de Generalsekretär Gary Kneip.

De Generalsekretär Gary Kneip

Den Ex-DP-Mann Gary Kneip setzt d'Zieler héich un. Mat engem oder zwee Sëtz bei den nächste Chamberwale géing ee sech net zefridde ginn. Et géing ee schonn eng Regierungsparticipatioun ustriewen, sou de fréiere President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

Fir d'Gemengewale wéilt ee sech iwwregens un oppene Biergerlëschte bedeelegen, sou nach déi Responsabel vu Fokus.

Eng eventuell Zesummenaarbecht mat de Piraten wier am Moment keen Thema, ma sou eng Collaboratioun gëtt fir d'Zukunft awer och net kategoresch ausgeschloss.

E Grondsazprogramm gëtt et den Ament nach net. An déck 3 Méint wäert e Grënnungskongress ofgehale ginn. Bis dohinner hofft een eng 100 Membere fonnt ze hunn, déi bereet sinn, sech mat hirem Gesiicht bei der neier Partei ze engagéieren.

ADR reagéiert um Dënschdeg

Als eenzeg Partei ass et bis ewell d'ADR, déi op déi nei politesch Gruppéierung ëm de fréieren CSV-President Frank Engel reagéiert.

Wéi et vun der Oppositiounspartei heescht, wier Fokus alt nees eng Partei, déi sech iergendwou an der lénker Mëtt géif situéieren an déi et net einfach wäert hunn, fir eng kloer politesch Linn ze kréien.

Dem ADR fält op, datt de Fokus-Porte-Parole Engel op sengem politesche Wee ëmmer nees duerch Widderspréchleches a Meenungs-Changementer opgefall wier: ëmmer nees géif hien och wëllen d'Auslännerwalrecht aféieren an domat net de Biergerwëllen respektéieren.

De Fazit vum ADR ass kloer:

Fokus wier net méi wéi eng One-Man-Partei, ouni Programm an ouni Profil. Ouni Contenu wier Fokus dann och um Wee, fir sech zu engem reng opportunistesche Mouvement z'entwéckelen, dee sech jo da gär de Piraten kéint uschléissen.