E Réckbléck op de Fall Frank Engel

Annerhalleft Joer virun den nächste Wale gëtt um Méindeg de Mëtteg en neien Acteur an der Lëtzebuerger Parteielandschaft virgestallt.
Den Ex-CSV-Chef Frank Engel huet d'Press invitéiert, fir seng nei Partei virzestellen. De Fall vum Frank Engel beschäftegt d'Medien zanter mëttlerweil 3 Joer. De fréiere Parteipresident stoung nämlech vun Ufank vu senger Presidence u virun 2 Erausfuerderungen, déi schlussendlech zu sengem Austrëtt aus der CSV bäigedroen hunn: eng zum Deel ëffentlech ausgedroen Hostilitéit vu Säite vun der Fraktioun an de Fait, datt hien als Full-Time-President keen Akommes hat.
D'Fanny Kinsch mat engem Réckbléck.Déi politesch Saga, an där elo e weidert Kapitel geschriwwe gëtt, huet de 26. Januar 2019 ugefaangen: Nodeems d'CSV no de Walen 2018 fir eng 2. Legislaturperiod an d'Oppositioun geschéckt gouf, gëtt den deemolegen Europadeputéierte Frank Engel iwwerraschend mat knapper Majoritéit als neie Parteipresident gewielt.
De Frank Engel deemools um Parteikongress: "Ech weess, datt am Sall 46% an nach e puer Leit der Meenung waren, datt de Serge soll President ginn an net ech. Eis Aufgab ass et elo all zesummen a meng fir d'alleréischt, dofir ze suergen, datt déi, déi léiwer gehat hätten, datt de Serge dat gëtt, an de Serge selwer och sou agebonne ginn an dat, wat vun elo un d'CSV muss an d'Feld féieren, datt mer eis alleguerten zesummefannen. Dat hei ass nëmmen 1 Partei. Et ass déi selwecht fir eis alleguer."
Wéi mer haut wëssen, ass ëm dat net gelongen. De Serge Wilmes huet deemools och net verstoppt, datt hie wéineg konnt mam Frank Engel als President ufänken. Den Zentrumsdeputéierten a Stater Schäffen huet den neie Parteipresident e knappe Mount nom Kongress am RTL-Interview oppe kritiséiert: "Ech hat e Projet. An deen anere Kandidat ass haaptsächlech ugetruede gewiescht, fir deen nächste Spëtzekandidat vun der Partei ze ginn. - Hat deen da kee Projet? - Also ech hu bis elo nach kee Projet vun ëm gesinn, net ee fir d'Partei."
Den neie Parteipresident huet sech awer determinéiert gewisen, d'CSV aus der Kris ze féieren. An dofir wollt hie sech genuch Zäit huelen: wéi virum Kongress annoncéiert, ass de Frank Engel net méi mat an d'Europawale gaangen a gouf Full-Time-Parteipresident ouni Mandat - eppes, wat et bis dohin nach net gouf bei der CSV. Hie géing schonn eens ginn, sot hien zur Fro, wouvun hien da liewe géing.
An och ouni Mandat huet de CSV-Chef et ëmmer nees fäerdeg bruecht, iwwert sech schwätzen ze doen, mat Iddien, déi bei der Fraktioun awer net nëmmen op Begeeschterung gestouss sinn. Am August 2020 ass d'Irritatioun hanner virgehalener Hand dann an ëffentleche Sträit ëmgeschloen. De Frank Engel huet sech an engem Reporter-Interview fir eng méi staark Besteierung vu grousse Verméigen ausgeschwat. Op dëser Antenn erkläert hie sech esou, den 21. August 2020: "Et ginn hei am Land ganz vill Leit, déi aner Zorte vu Revenuen hunn, déi mat Aarbecht net ganz vill ze dinn hunn, mee mat vill Plus-value. An datt ee mol eng Kéier doriwwer diskutéiert, datt een déi besteiert, dat dierf awer mengen ech, an engem Zäitalter, wou méi a méi Leit Gerechtegkeet an der Gesellschaft afuerderen, keen Tabu méi sinn."
D'Fraktioun awer huet kloer gemaach: dat war net mat de Parteigremien ofgeschwat. De Frank Engel war ugeschloen a sollt sech och net méi dovun erhuelen.
D'Stëmmung an der CSV war schlecht, spéitstens nom Frank Engel sengem Virstouss a Saache Steierpolitik, deen alles anescht wéi Konsens gemaach huet. Ma de 16. Mäerz 2021 geschitt eppes, mat deem wuel kee gerechent huet: de President gëtt vu Parteimember beim Parquet denoncéiert. De Frank Engel krut als President vun der Associatioun "CSV-Frëndeskrees" wärend 8 Méint eng Paie vu 6.000 Euro de Mount bezuelt, do virdru huet d'Partei seng sozial Cotisatiounen iwwerholl. Dovu soll awer sou gutt wéi keen eppes gewosst hunn.
Et hätt ee keen anere Choix gehat, sou deemools d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen: "Am Ursprong stinn hei net déi Leit, déi d'Fakte weiderginn, mee d'Fakte selwer. Hei musse mer fir Transparenz suergen. Dat och am Interessi vun der Partei, et kann net ëmmer alles probéiert ginn, ënnert den Teppech ze kieren."
3 Deeg drop trëtt de Frank Engel als Parteipresident zréck...: "Mäin Net-méi-President-sinn, dat wier et vill méi bëlleg ginn, wéi duerch eng penal Denonciatioun."
Ee Mount méi spéit gëtt en och seng Memberskaart of. De Frank Engel deit un, eng nei politesch Beweegung wëllen ze lancéieren: "Ech gi vu ville Säiten a vu ville Leit sollicitéiert fir esou eppes ze maachen. Ech hätt eigentlech och Loscht drop."
Iwwerdeems enquêtéiert de Parquet, et gi Perquisitioune bei der Partei a beim Frëndeskrees. Den 12. Juli dann eng Nouvelle, déi deen een oder anere bei der CSV béis iwwerrascht: net nëmmen de Frank Engel, ma 6 weider Member ginn ugeklot, dorënner de fréiere Generalsekretär a Kielener Député-Maire Felix Eischen an déi designéiert nei Co-Presidentin Elisabeth Margue. Et geet ëm Bedruch a Vertrauensmëssbrauch.
Wärend dem Prozess am Oktober 2021 heescht et vun deenen aneren Ugekloten, et wier Drock gemaach ginn, fir d'Denonciatioun z'ënnerschreiwen... fir de Frank Engel ass kloer: et gouf alles gemaach fir hie lass ze ginn: "D'Leit sinn an d'Fraktioun zitéiert ginn, d'Fraktioun huet en Avis juridique bestallt, d'Fraktiounscheffin korrespondéiert mam Parquet, am Büro vum Fraktiounssekretär ginn Ënnerschrëften ernéidegt."
Nom Prozess viru Geriicht seet de Frank Engel, datt aus senger neier Partei wuel näischt gëtt: "Sou eppes mécht een net ouni Geld. An ech hu keent."
D'Urteel an der CSV-Frëndeskrees-Affär gëtt den 9. Dezember gesprach: Fräisproch fir de Frank Engel an déi 6 aner Ugekloten. De Parquet decidéiert, net an Appell ze goen.
An den 10. Januar dëst Joer ginn et dann awer Nouvellen iwwert eng nei Partei: de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert annoncéiert, datt hien aus der DP ausgetrueden ass fir e Projet mam Frank Engel ze starten: "Eis verbënnt eigentlech d'Motivatioun fir eppes Neies ze maachen, fir eppes ze maachen, wat nei, respektiv och aner politesch Akzenter setzt. Mir deelen och d'Observatioun an ech mengen, déi hunn och ganz vill Leit dobaussen, dass d'Vertrauen an d'Politik e Knacks krut, dass d'Leit gären hätten, dass biergerlech Wäerter valoriséiert ginn a respektéiert ginn."
Zënterhier hu sech den Ex-DP-Politiker Gary Kneip an de bis dohinner gréngen Escher Gemengeconseiller Luc Majerus dem Frank Engel an dem Marc Ruppert ugeschloss. Iwwert e Bäitrëtt vun engem Ex-CSV-Member ass bis haut näischt gewosst, mee do kéint jo de Mëtteg nach eng Iwwerraschung kommen.
Historique:
- 26. Januar 2019: CSV-Kongress: Frank Engel setzt sech iwwerraschend géint de Serge Wilmes als Parteipresident duerch
- 20. Februar 2019: Serge Wilmes kritiséiert Frank Engel op RTL
- 18.08.2020: Reporter-Artikel: Frank Engel fir Ierfschaftssteier, Fraktioun méi wéi skeptesch
- 22.08.2020: CSV schéckt Communiqué géint Ierfschaftssteier a Verméigenssteier
- 16.03.2021: Frank Engel gëtt beim Parquet denoncéiert
- 17.03.2021: Martine Hansen «Mir hate keen anere Choix»
- 19.03.2021: F Engel trëtt als Parteipresident zréck
- 23.04.2021: Frank Engel trëtt aus der CSV aus
- 12.07.2021: Net nëmmen Engel, ma och 6 aner Member ugeklot
- 19.-26.10.2021: Prozess
- 27.10.2021: Frank Engel Invite vun der Redaktioun: Kee Geld fir nei Partei
- 04.12.2021: Gilles Roth am Background "Hate kee Choix a gouf keen Drock gemaach"
- 09.12.2021: Urteel – Fräisproch
- 16.12.2021: Parquet: keen Appell
- 10.01.2022: Marc Ruppert verléisst DP fir de Frank Engel
- 13.01.2022: Gary Kneip
- 07.02.2022: Luc Majerus