D'Nouvellen, déi Leit beweegt hunn

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Temperatur klëmmt nach ze séier
D'Emissioune musse weltwäit esou séier wéi méiglech massiv reduzéiert ginn, fuerdert de Weltklimarot. Wa mir weidermaache wéi bis ewell, géing déi 1,5-Grad-Limitt nach an den 2030er Joren iwwerschratt. Bis 2030 missten d‘CO2-Emissiounen ëm 48% erofgoen am Verglach zu 2019.
Zwou wichteg Staatsvisitten
De chineesesche Staatschef Xi war zu Moskau beim Putin op Besuch an huet Geleeënheet genotzt, fir de Putin och a China z'invitéieren. Dat obwuel et en internationalen Haftbefeel géint de russesche President gëtt. China a Russland erkennen d'Zoustännegkeet vum internationale Strofgeriicht awer net un.
Prostitutioun méi einfach, wéi heeschen
D'Kolleege vum Magazin waren an d'Fixerstuff kucken an hunn dobäi zwou Frae begleet, déi matzen am Drogemilieu sinn.
Infektioune gi liicht zeréck, Mesurë ginn opgehuewen
Dëst Woch ass et offiziell gemaach ginn. D'Maske sinn iwwerall just nach fakultativ an och all déi aner Mesuren aus de Covid-Gesetzer goufen opgehuewen. Datt d'Zuele vun den Infektioune weider falen, bekräftegt dëse Schratt. Weider huet de Ministère dann och e puer weider Detailer iwwert d'Prozedur an Entschiedegung bei méiglechen Impfschied matgedeelt.
E bëssen anere Flitzer
Eis kuriéis Nouvelle vun der Woch kënnt aus dem Futtball. An der hollännescher Amateurliga hat e Mann den Terrain gestiermt... op engem Scooter!
Verdéngte Punkt
Bleiwe mer de beim Futtball. Do war en Donneschdeg den Optakt vun der EM-Qualifikatioun. Wärend d'Lëtzebuerger ee Punkt an der Slowakei matgeholl hunn, konnten d'Englänner d'Spëtzepartie vum Spilldag an Italien gewannen.
Klenge Feeler, grouss Opreegung
E Schëld wat tëscht Waarken a Feelen vergiess gouf, ewechzehuelen hat an de soziale Medie fir vill Opreegung gesuergt. Deem Schëld no hätten op dëser Landstrooss nach just Vëloen dierfte fueren. Et war awer nom Vëlosummer an no engem längere Chantier vergiess ginn, "ausser Kraaft ze setzen". Et sollt stoe bleiwen, fir den nächste Vëlosummer.
Gëtt den Norde vergiess?
Dat Gefill kéint een a puncto ëffentlechen Transport respektiv dem Zuchtrafic kréien, well nodeem elo schonn zwee Tunnellen Problemer maachen, daueren d'Aarbechten och nach méi laang, wéi geduecht.
Ze vill Detailer am Buch
Well de brittesche Prënz Harry ze éierlech a sengem Buch war, kéint hie Problemer mat der Auswanderung an d'USA kréien. Am Buch schwätzt hien nämlech vun Drogemëssbrauch, deen een, wann een e Visum an den USA wëll kréien, och op den offiziellen Dokumenter muss uginn.
E Mandat d'arrêt a seng Reaktiounen
Den Internationale Strofgeriichtshaff huet géint de russesche President Putin en Haftbefeel ausgeschwat, wéinst méigleche Krichsverbriechen. Do hu Menacen aus Russland, vum fréiere Staatschef Medwedew dann net laang op sech waarde gelooss. Dee "beschassene" Geriichtshaff misst ee bombardéieren, esou den aktuelle stellvertriedende President vum russesche Sécherheetsrot.