Mir sinn zu Péiteng, d'Doheem vu knapp 10.000 Wandjangen. D'Populatioun wiisst, generell ëm 200 Käpp d'Joer.

D'Consommatioun an der Stad geet theoretesch erop, d'Geschäfter awer verschwanne lues a lues aus dem Stadkär.

Mir waren e puer Péitenger befroen:

"Ech géing och soen, et kënnt näischt méi. Dat Eenzegt, wat kënnt, si Crèchen, déi op all Eck optauchen. Déi ginn och gebraucht. Mee vu Butteker ass net méi vill do."

"Ech mengen de Covid war och dotëscht komm. Mir hunn nach ëmmer Problemer mat de Parkplazen. E Problem, dee sech iwwert déi lescht Jore net verbessert huet."

"Et ass schwéier, hei fir den Auto. Et fënnt ee just ganz schwéier Parkplazen."

Wärend ee fréier nach vu Geschäft zu Geschäft goe konnt, ass de Choix haut relativ limitéiert. Mir si beim Feidt op der Lëtzebuerger Strooss. D'Geschäft gëtt et schonn zanter 118 Joer. Generatioune vu Péitenger kommen heihinner. Och haut kommen déi ganz Jonk sech hei nach gären hiren éischte Schoulsak eraussichen. D'Zuel u Clientë bleift zanter Jore stabil an awer verschwannen d'Geschäfter aus der Haaptstrooss.

De René Feidt, geréiert de Familljebetrib an der 3. Generatioun:

"Et ginn einfach net méi vill Lokaler hei zu Péiteng. Wann en neit Lokal opgeet, da sprangen direkt Crèchen drop. A wie fänkt hautzedaags nach e Buttek un? Du muss deiere Loyer bezuelen. Du muss deng Leit bezuelen. An et muss een déi richteg Wuer hunn."

Nieft der Pandemie an Inflatioun ass virun allem dat verännert Kafverhale e Facteur, erkläert de Péitenger Buergermeeschter.

De Jean-Marie Halsdorf:

"D'Welt huet geännert an esou och d'Attraktivitéit vun der Geschäftswelt. D'Realitéit zu Péiteng ass, datt mer haut ganz vill Crèchen hei hunn. Scho bal ze vill an dat ass net gutt. Ech hätt léiwer mir hätten och aner Geschäfter. Dokter an Zänndokteren. Mir hunn och eng Kommissioun an der Gemeng, déi aktuell kuckt fir Pop-Up-Geschäfter ze schafen. Och mat reduzéierte Loyeren. Mee do musse mer kucken, wat méiglech ass."

Vill Clienten an der Péitenger Geschäftswelt kommen ëmmer erëm. Déi vill nei gebaute Residenzen zu Péiteng awer bréngen och ëmmer nees nei Gesichter duerch d'Dier.

De Claude Esch, Besëtzer vun engem Blummebuttek zu Péiteng:

"Dat bréngt natierlech nei Clientë mat. Et sinn der ëmmer e puer, déi matkommen. Mee Péiteng ass eng grouss Gemeng. D'Clientë kommen och aus der Groussregioun.
D'Potential ass do. Besonnesch dowéinst ass de Parking enorm wichteg. Residenten awer parken Haaptstrooss gären wärend Deeg zou."

"Mir hunn eng Geschäftsstrooss, ginn hei awer zougeparkt vun de schaffende Leit. Mir hu ganz vill Crèchen. Et ginn der nach eng Kéier zwou op. Déi bréngt ganz vill Personal mat an déi parken och hei. Da kennt dobäi, datt aus de Säitestroossen d'Leit och hei parken, well d'Haiser fréier hei ouni Garage gebaut goufen."

D'Gemeng schafft hei un engem neie lokale Mobilitéitsplang. Mëttelfristeg soll d'Vitess op enger Rei Stroossen op 30 Stonnekilometer limitéiert ginn an e Shared Space entstoen. De Verkéier, dee just duerchfiert, soll ëmgeleet ginn. Kuerzfristeg soll d'Parke méi einfach ginn.

De Jean-Marie Halsdorf, Péitenger Buergermeeschter:

"Mir sinn amgaangen ze schaffen, fir op deene Plazen, wou Geschäfter sinn, notamment hei zu Péiteng op der Haaptstrooss, ma och zu Rodange, fir do op verschiddene Plazen ze definéieren, wou ee just kuerz ka parken a wou een deen Ament da ka seng Akeef maachen an dann direkt nees weiderfueren."

Spéitstens nächst Joer soll dat ëmgesat ginn. D‘Parkautomate si scho kaf. D'Geschäftsleit hoffen op séier Ëmsetzungen, well et ass méi einfach Geschäfter ze behalen, ewéi neier mussen unzezéien.