Well déi néideg Gesetzer nach net duerch d'Chamber sinn, huet d'Ëmweltverwaltung eng ganz Rëtsch Dossieren en suspens. Déi meescht dovu betreffe Vëloen.

Mëtt Mee gouf vum Energieminister Delles a vum Ëmweltminister Wilmes e ganze Mesurëpak virgestallt, fir déi erneierbar Energien ze promouvéieren. Motto: "Einfach – séier – erneierbar". E puer Deeg virdru war och schonn en neie Klimabonus presentéiert ginn, ee fir Moueren a Wisen ze ënnerstëtzen, also finanziell méi attraktiv ze maachen.

Gläichzäiteg hat RTL an där Zäit driwwer informéiert, datt et an anere Klimabonus-Programmen happert: Déi zoustänneg Ëmweltverwaltung kann nach keng Suen ausbezuelen, well déi gesetzlech Basis nach ëmmer feelt – an esou laang déi net do ass, sinn hir d'Hänn gebonnen.

Zur Erënnerung: Zejoert gouf et jo gréisser Changementer bei den Eco-Primmen, also bei den Ëmwelt-Finanzbäihëllefen. Am Abrëll 2024 an am Juni 2024 war de Subside-Programm Klimabonus "Mobilitéit", deen eng Primm fir de Kaf vu Vëloen, Elektroautoen asw. virgesäit, zweemol verlängert ginn. Bei der Verlängerung vum Abrëll waren d'Méint Abrëll, Mee, Juni abegraff, bei der zweeter Verlängerung vum Juni waren d'Méint Juli, August, September viséiert. Bis den 30. September 2024 huet de Klimabonus "Mobilitéit" mat den ale Primmen a Konditioune funktionéiert, zanter dem 1. Oktober 2024 gëllen nei Montanten a Reegelen.

Demandë vum 1. Juli 2024 un "on hold"

Graff gesot sinn d'Subventiounen duerch de Wiessel vum 30. September op den 1. Oktober erofgaangen, kee Wonner also, datt virum Stéchdatum nach vill Leit vum alen, méi generéise Primmesystem wollte profitéieren.

Ma och wann eng Demande antëscht traitéiert gouf, ass et der Ëmweltverwaltung den Ament net méiglech, déi Primme vun der zweeter Verlängerung (Juli bis September 2024) an och déi vum neie Regimm (zanter dem 1. Oktober 2024) auszebezuelen, well déi néideg Gesetzer nach ëmmer an der legislativer Prozedur hänken.

Wéi vill Leit den Ament op hir Sue musse waarden, wéi vill Dossieren also vun deem Retard betraff sinn, konnt d'Ëmweltverwaltung RTL op Nofro ganz genee matdeelen. Hei d'Chiffere vum 19. Mee:

  • Elektresch Gefierer (Auto / Camionnette / E-Moto):

1. Juli - 30. September 2024: 496 Demanden
zanter 1. Oktober 2024: 626 Demanden
Total: 1.122 Demanden

  • Vëloen (+ Pedelec + Cargobike):

1. Juli - 30. September 2024: 5.587 Demanden
zanter 1. Oktober 2024: 291 Demanden
Total: 5.878 Demanden

Vun deene 7.000 Dossieren, déi aktuell bei der Ëmweltverwaltung en suspens sinn, sinn déi allermeescht also Demandë fir Vëloen, déi am Summer 2024 erakomm sinn, nodeems annoncéiert gi war, datt déi Finanzbäihëllefen den 1. Oktober auslafen.

D'Ëmweltverwaltung betount, datt all dës Demanden net gestoppt goufen, mee esou wäit vun den Agente beaarbecht ginn, datt d’Paiementer schnellstméiglech kënne liquidéiert ginn, soubal déi entspriechend legal Basis en vigueur ass.

Fréi Annoncen, spéit Gesetzer

De Ball läit also kloer beim Legislateur. D'Regierung hätt vun Ufank un dat bestoend Reglement adaptéiert, hat den Ëmweltminister Serge Wilmes rezent erkläert, just beim Iwwerhuelen an d'Gesetz kéim et zanterhier zu Komplikatiounen. Zweemol scho wier et vum Staatsrot zu enger Opposition formelle géint deen neie Gesetzestext komm.

De Premier Luc Frieden war a senger Ried zur Lag vun der Nation 2024, also d'lescht Joer, och op d'Eco-Primmen an de Klimabonus-Programm agaangen. Antëscht huet de Premier ewell seng 2025er-Ried zur Lag vun der Natioun gehalen, ma de gesetzleche Kader léisst nach ëmmer op sech waarden. D'Demandeure musse sech also nach gedëllegen, well e konkreeten Datum, wéini mam Ausbezuele vum Klimabonus "Mobilitéit" kann ugefaange ginn, gëtt et net, och wann de Serge Wilmes zouversiichtlech ass, datt dat an noer Zukunft geschitt.

Ausserdeem sti schonn déi nächst Adaptatioune vun de Gesetzer un, deemnächst soll ee jo musse manner Sue virstrecken, well d'Primme preautoriséiert ginn. Domat géifen d'Leit just nach d'Differenz zu der Gesamtzomm bezuelen a missten net méi alles virbezuelen, den accordéierte Subside soll direkt un d'Entreprisë goen. Dës deelweis Prefinanzéiereung soll dann och fir de Klimabonus "Mobilitéit" gëllen – wann d'Gesetz da bis duerch d'Chamber ass ...