Et wier en anere Sven Clement ewéi virun der Affär "MALT"

Mam Marc Goergen hu mir iwwert d'Zukunft vun der Piratepartei, seng Relatioun mam Sven Clement an d'Aarbecht vun der Regierung geschwat.
Fir de Sonndesinterview vun dëser Woch huet de Marc Goergen eis Rendez-vous zu Péiteng am Skatepark ginn. Hei hätt hien a senger Jugend méi dacks Zäit verbruecht. An och haut kéint hien der Plaz nach vill ofgewannen. Et wier einfach eng flott Plaz, op där sportlech Aktivitéiten a Street-Art openeen treffen.
"Et war awer ni d'Zil, fir iergendzwousch an der Politik grouss aktiv ze ginn"
Ma obwuel de Marc Goergen als Jugendleche vill Stonnen an dësem Skatepark verbruecht huet, ass aus him schlussendlech kee Skater ginn, mä hien ass an d'Politik gaangen. Ma eigentlech hätt hien ni bewosst de Choix getraff, Beruffspolitiker ze ginn an hie géing sech och haut nach net als Politiker spieren. Dass hie politesch aktiv gouf, hätt vrun allem domat ze di gehat, dass hien zu Péiteng Saachen ännere wollt, mat deenen hien onzefridde war:
"Dat war ganz fréi, wéi ech 18, 19 Joer hat, ass eng Partei zu Péiteng op mech duerkomm an ech war mat e puer Saache bei mir am Quartier net zefridden, och fir d'Jugend e puer Saachen net zefridden, an do war ech mat där Partei op d'Lëscht an do ass ee lues a lues mat eragerutscht. Et war awer ni d'Zil, fir iergendzwousch an der Politik grouss aktiv ze ginn."
Seng éischt Erfarung an der aktiver Politik huet den haitege Pirat bei enger anerer Partei gemaach. 2005 ass hien op der Lëscht vun der DP eng éischte Kéier zu Péiteng mat an d'Gemengewale gaangen. Dat wier och eng flott Erfarung gewiescht, ma politesch wier et deemools bei de Liberalen zu Péiteng net esou wierklech virugaangen. Wéi d'DP dunn 2012 aus dem Péitenger Schäfferot geflunn ass, huet de Marc Goergen d'Partei verlooss, an d'Kapitel "Politik" war fir hien deen Ament a sengem Liewen ofgeschloss.
Mat der Piratepartei koum hien dann a Kontakt, wéi hien als Aktivist un enger Demonstratioun fir den Dateschutz deelgeholl huet. Deemools hätten d'Piraten hien dann och gefrot, fir op hirer Lëscht am Süde mat an d'Walen ze goen. Dat huet hien dann och gemaach. Allerdéngs konnt hie sech deemools net virstellen, wéi erfollegräich de Projet wäert sinn.
Gutt Walresultater, MALT-Affär an intern Streidereien
Fir d'éischt ass d'Partei dann 2013 bei de Chamberwalen ugetrueden. Deemools huet se e Sëtz am Parlament nach knapp verpasst. Dass een dann 2018 mat zwee Sëtz an d'Chamber agezunn ass, hätt dem Marc Goergen och mat den Erfolleger ze di gehat, déi ee bei de Gemengewalen 2017 konnt verbuchen. Déi zwee Sëtz, déi een zu Péiteng am Gemengerot kritt hätt an deen ee Sëtz zu Péiteng, hätten de Leit gewisen, dass eng Stëmm fir d'Piraten, keng verluere Stëmm wier.
Dass d'Partei duerno kontinuéierlech méi Erfolleger konnt verbuchen - ënner anerem bei de Parlamentswalen 2023 en drëtte Chamber-Sëtz - erkläert de Marc Goergen sech doduerch, dass d'Lëtzebuerger Piraten, am Géigesaz zu hire Kolleegen am Ausland, relativ laang vun interne Streidereie verschount bliwwe sinn.
Ma an der Suite vun der MALT-Affär ass et dann och bannent der Lëtzebuerger Piratepartei zu Streidereie komm. Besonnesch tëscht dem Matgrënner vun der Partei, dem Sven Clement an dem Marc Goergen war et zu méi heftegen Diskussiounen doriwwer komm, wouhier d'Suen, déi d'Partei am Kader vun der Affär sollt un den Office national de d'aceuil zeréckbezuelen, sollte kommen.
D'Relatioun mam Sven Clement
Bis zur Causa MALT hätt de Marc Goergen ëmmer eng ganz gutt Bezéiung mam Sven Clement gehat. Hie wier deemools just Member vun de Pirate ginn, well de Sven Clement hie gefrot hat, an hätt och ëmmer gutt mat him zesummegeschafft. Doriwwer eraus wiere si och perséinlech a privat Kolleege gewiescht. Ëmsou méi grouss wier dann d'Enttäuschung gewiescht, ewéi d'MALT-Affär un d'Luucht komm ass:
"Wéi dat Ganzt opgeflunn ass, war eng perséinlech Enttäuschung do, wou een dann och immens rosen ass. An ech menge souwuel hien, wou hien, wéi och ech, Saache gesot hunn, wou een haut vläicht net méi esou géif soen."
D'Saachen, déi am Kader vun der Affär gesot goufen, wieren dann och net esou einfach emotional ze verschaffen. Et wier awer d'Méiglechkeet do, dass déi aner Persoun par rapport zu der Partei weist, dass een nees Vertraue kann opbauen. Et géif een dann och erkennen, dass de Sven Clement dee Wee ageschloen hätt:
"An ech mengen et ass och dat, wat en de leschte Méint gemaach huet, well et ass och en anere Sven Clement, wann een déi lescht Wochen a Méint kuckt, och an der Parteileedungen an och an der Chamberaarbecht, wéi dat elo virun der Affär 'MALT' war."
Antëscht hätten déi zwee Deputéiert e Rhythmus fonnt, fir professionell mateneen ze schaffen.
D'Zukunft vun der Piratepartei
Ma bannent deene leschten 12 Méint gouf et net nëmmen e Sträit tëscht den zwee Deputéierten, a wuel bekanntste Käpp vun de Piraten. Wärend dëser Zäit hu sechs gewielte Vertrieder d'Partei verlooss. Och dat wier eppes, wat net ouni Spueren ze hannerloossen un engem laanscht geet:
"[...] well et si jo virun allem Leit, wou mir mat opgebaut hunn iwwert all déi Joren, mir hunn déi ënnerstëtzt, déi Sëtzer waren do, well eis ganz Ekipp geschafft huet, e Sëtz, souwuel mäin wéi och dee vum Sven oder vun iergendengem anere, kënnt jo net wéinst enger Persoun eleng, et ass ëmmer eng Ekipp hannendrun, a wann dann een, wou een opgebaut huet, wou e vertraut huet, d'Partei verléisst, dat deet perséinlech och ëmmer wéi, an do huet een och laang drun ze knaen."
Et hätt een als Partei awer och eng Partie Upassungen an der Struktur gemaach, fir vum Image vun der Ee-Mann-Partei ewech ze kommen. Et hätt ee sech nei Statutte ginn, sou dass elo eng Ekipp aus fënnef Leit un der Spëtzt vun der Partei steet. Iwwerhaapt, hätt een d'Parteileedung nei strukturéiert. Eppes, dat dann och schonn an de Sektioune géing Friichten droen, an deenen elo méi Leit kéinte matschaffen.
Politesch Spillercher an der Chamber
Wat d'Aarbecht am Parlament ugeet, wier et virun allem dat politescht Spill tëscht Majoritéit an Oppositioun, dat dem Marc Goergen net gefält. Amplaz, dass déi bescht Inhalter géinge gestëmmt ginn, géif ze dacks aus politeschem Calcul eraus, nom Parteibuch ofgestëmmt ginn:
"Dat ass eppes, wat mech an der Politik immens stéiert, dass net ëmmer geschafft gëtt, fir dass d'Leit eppes dovunner hunn, mee dass oft einfach nëmme geschafft gëtt, fir säin eegene Marketing a wéi ee sech am beschten duerstellt an der Politik. An dat ass eppes wat mech och fierchterlech nervt."
Kritik un der Regierung hirem Virgoen am Pensiounsdossier
Eng schlecht Nott fir d'Regierung gëtt et vum Marc Goergen da virun allem fir d'Gestioun vum Pensiounsdossier. Wéi een als Partei d'Invitatioun krut, fir sech un den Diskussiounen iwwer d'Reform ze bedeelegen, wier et säi Reflex gewiescht, dass hien net fir d'Piraten un dëse participéiert. Hie wier deemools der Meenung gewiescht, dass d'Regierung souwisou net géit nolauschteren an d'Saach esou géing upaken, wéi si dat vu vir era wëlles hat. Et wier eigentlech traureg, dass hien a senger Meenung confirméiert gouf, dass déi Diskussiounen näischt bréngen, esou de Marc Goergen.
Géigeniwwer der Dräier-Koalitioun hätt déi aktuell Regierung awer de Virdeel, dass se géif agesinn, dass een d'Suen als éischt misst verdéngen, éier ee se am Soziale kéint ausginn. D'Iddi vun der Regierung, fir d'Ekonomie ze stäerke wier dohier eng richteg. D'Virgoen am Pensiounsdossier kéint de Marc Goergen awer net guttheeschen:
"Wann ech awer op där anerer Säit héieren, dass se gären de Leit d'Liewenszäit klaue bei de Pensiounen oder dass se d'Sozialkeesen eidel sinn, dat ass eppes, wat dann nach ëmmer schlecht bei där Regierung ass. An déi mussen do einfach zesummefannen."
Et wier wuel richteg, dass een d'Suen als éischt misst verdéngen, éier ee se kéint ëmverdeelen. An zu Lëtzebuerg misst vill ëmverdeelt ginn, vill Leit géingen net iwwer d'Ronne kommen. Eppes, wat d'Regierung awer wuel nach net ganz verstanen hätt:
"Mee dës Regierung ass awer heiansdo e bëssen ze kal, virun allem, wann een do kuckt an de Pensiounen. An ech denken och duerch dee grousse Widderstand vun de Gewerkschaften, dass se se awer do wäerten nach e puer Pirouetten dréinen, fir dass se se awer eng aner Kéier herno erauskréien."
De Marc Goergen wëll d'Schëff net verloossen
Wat dem Marc Goergen seng politesch Zukunft betrëfft, gesäit hien dës weider bei de Piraten. Natierlech misst een ofwaarden, wat an der MALT-Affär bei der Justiz erauskënnt. Ma wann d'Partei an hirer aktueller Form bestoe bleift, géif hie sécher bei den nächste Chamberwalen nach eng Kéier mat de Piraten untrieden, fir säi Sëtz ze verdeedegen. Hie wier Frou doriwwer, wärend enger schwiereger Zäit "net iwwer Bord" gaangen ze sinn.