
Zänndokter kritt Beruffsverbuet
En Zänndokter muss lo säi Cabinet zu Bartreng zoumaachen, hie krut e liewenslänglecht Beruffsverbuet zu Lëtzebuerg. Et geet ëm Fälschung a Bedruch. Hien soll just de Verdéngscht interesséiert hunn, wéi seng deemoleg Assistent och ausseet. Den Zänndokter huet schonn e Beruffsverbuet a Frankräich a krut och d’Lizenz an der Schwäiz refuséiert.
Bauerestreik a Frankräich a seng Auswierkungen
No de Protester an Däitschland waren dës Woch och d’Baueren a Frankräich rëm aktiv an hunn eng ganz Partie Stroosse blockéiert. Dat huet och Konsequenze fir Lëtzebuerg. D’Diddelenger A3 war dowéinst deelweis zou.
Lëtzebuerg net méi sou räich ?
Dat schéint räicht Lëtzebuerg hat d’lescht Joer villäicht e bëssen ze vill Suen ausginn. Den Zuelen no, déi de Finanzminister Gilles Roth dës Woch presentéiert huet, hätt ee fir 2023 viraussiichtlech en Defizit vu 630 Milliounen Euro beim Zentralstaat. Déi nächst Joer missten d’Schrauwen e bëssen ugezu ginn, sou de Minister.
D’TALI fiert fir Lëtzebuerg op Malmö
E Samschdeg den Owend war d’Finall vum Luxembourg Song Contest. Hei huet eng international Jury zesumme mam Public entscheet, wéi een Artist Lëtzebuerg um ESC zu Malmö vertrëtt. De Gewënneri ass d’TALI.
Den Autosfestival ass rëm lancéiert
Vum 20. Januar bis den 3. Februar lount et sech rëm méi en neien Auto ze kafen. Vill Garagë bidde wärend dem Autosfestival nämlech speziell Konditiounen. Besonnesch beléift soll mëttlerweil de Leasing sinn, ma och bei de Garage selwer ginn et Changementer.
Kris elo offiziell
De Bausecteur zu Lëtzebuerg ass elo offiziell an der Kris, an dat vum 1. Februar bis de Kollektivcongé am Summer. Dat erméiglecht et de Betriber de Chômage partiel ze kréien.
Hei kënnt Dir de ganze Kloertext am Replay kucken.
18 Joer Prisong op Sursis