
Cactus-Hobbi um Houwald mécht Dieren zou30 Joer no senger Ouverture mécht den Hobbi um Houwald seng Dieren am Dezember zou. Déi 34 Mataarbechter wäerten an anere Butteker vum Cactus ënnerkommen an d’Sortiment op verschidde Sitte verdeelt ginn.
Wéi ginn d’Asätz vum CGDIS koordinéiert?
En Dënschdeg hat et op zwou Plazen am Land gebrannt. An deem Fall rechent e spezielle System aus, wéi eng Pompjeeën op wéi een Asaz fueren. Am Interview mam CGDIS-Chef Paul Schroeder si mir méi doriwwer gewuer ginn.
Keng Servicer méi fir de Privatclient
No der Opreegung iwwer Bréiwer vun der ING, datt d’Konte vu verschidde Clientë géingen zougemaach ginn, huet d’Bank elo offiziell matgedeelt, ganz mam Service fir de Privatclient opzehalen. D’Gewerkschafte fäerten an deem Kontext och elo ëm d’Mataarbechter.
Automatesch Vitesslimitatioun fir nei Autoen
Vum Juli dëst Joer u mussen nei Autoen, déi an der EU verkaf ginn, mat engem System ekipéiert sinn, dee Vitess an d’Vitesslimitatioun permanent matenee vergläicht. Fiert de Chauffer méi séier wéi en dierf, gëtt den Auto eng Warnung eraus.
Vandalismus a Lënster Schoul
An der Nuecht op en Dënschdeg sinn Onbekannter an d’Schoul zu Jonglënster agebrach. Nieft Maueren an Dieren, déi mat Graffiti besprayt waren, gouf d’Gebai deels iwwerschwemmt, well d’Offlëss vun de Lavaboe “mat Pabeier verstoppt an d’Krinn opgedréint a lafe gelooss” gi waren. D’Gemeng sicht no Zeien.
Tornado am Raum Miersch/Biissen
Op Videoen op de sozialen Netzwierker war den Ufank vun engem liichten Tornado ze gesinn. Hei ware wuel zwou sougenannt “Scud-Woleken” zesummegestouss, zu engem richtegen Tornado war et awer net komm.
Donald Trump schëlleg gesprach
Déi éischt Kéier an der amerikanescher Geschicht gouf e fréiere President wéinst enger Strofdot verurteelt. An der Affär ëm d’Schweigegeld fir d’Stormy Daniels gouf den Donald Trump an alle 34 Uklopunkte schëlleg gesprach.
Doudeg Schof zu Dikrech a Kapp vu Geessebock zu Miersch
D’Police ermëttelt an zwee verschidde Fäll, an deenen doudeg Déiere fonnt goufen. Zu Miersch war bei engem Stall beim Lycée Ermesinde de Kapp vun engem Geessebock fonnt ginn. Zu Dikrech waren et zwee doudeg Schof an engem Gaart tëscht dem Neechelswee an der Montée du Herrenberg.