D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Déidlech Aventure
De leschte Sonndeg hate sech 5 Leit, dorënner och de Milliardär Hamish Harding mam U-Boot Titan op de Wee bei d’Iwwerreschter vun der Titanic gemaach. Kuerz drop goufe si vermësst gemellt. Um Donneschdegowend goufen déi 5 Passagéier fir dout erkläert, nodeems d’Rettungsekippe just nach Iwwerreschter vum U-Boot fonnt hunn. Wisou d’Titan implodéiert ass, kéint een den Ament nach net soen.

Et gouf gefeiert
Um Virowend vun Nationalfeierdag an um Dag selwer war iwwerall am Land eng lass. Hei fannt Dir e puer Andréck vun de Evenementer a Fotoen.

Fast Fashion
D’Fast Fashion ass e Geschäftsmodell an der Textilindustrie, wou Moude-Kollektioune séier designt, an zu bëllege Präisser produzéiert ginn. Et ass net nëmmen en ekologesche Fiasko, mee och d’Aarbechter gi komplett exploitéiert.

Virfall a Policebüro?
Der Generalinspektioun vun der Police läit aktuell eng Plainte vum Mohamed Soumah vir. Wat genee um Policebüro zu Heischent soll geschitt sinn, erzielt de Mann vun Ënsber eis am Interview.

Sich no Sichhond
De Mupp, deen am Mee d’Sichtruppen am Amazonas-Bësch op d’Spuer vun de véier vermësste Kanner bruecht hat, ass zanterhier selwer verschwonnen. 70 Zaldote sinn elo op der Sich nom Hond.

Feier an Explosioun zu Paräis
Nodeems e Gebai zu Paräis de Mëttwoch Feier gefaangen hat, ass et duerno an de Koup gefall. Eng 37 Leit goufen dobäi blesséiert. D’Ermëttler ginn den Ament dovun aus, dass eng Gasfuitte zu der Explosioun gefouert huet.

Traurege Bilan
Méi wéi 1.000 Verkéiersaccidenter vun deene 36 déidlech waren. Dat ass den traurege Bilan vun eise Stroossen fir d’Joer 2022. En Drëttel vun den Doudesaffer ware Motocyclisten. D’Haaptursaach fir schwéier Accidenter sinn ëmmer nach den Alkohol an d’Vitesse.

Hëllef fir d’Bambien
Am Fréijoer 2023 gouf d’Pilotphas vum Rettungsprojet “Sauvons Bambi” lancéiert. Eleng bis Enn Juni goufe mat Drone eng 200 neigebuer Réi virum Doud gerett.

Ouni Thill a Rodrigues
De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Gerson Rodrigues hat direkt nom Lännermatch géint Liechtenstein e Samschdeg eng Entrevue mat der Police. De Vincent Thill iwwerdeems huet d’Ekipp aus perséinleche Grënn verlooss. Elo huet de Nationaltrainer sech dozou geäussert.

2 Joer Luxusliewen
E Mann aus Indien huet bal 2 Joer fir näischt an engem Luxushotel gelieft. Dat awer net op éierlecher Basis. Iwwer 600 Deeg huet hie Personal vum Hotel bestach, dass seng gratis Vakanz net opfält. Wou hien dunn ofgereest ass, huet hien eng weider Rechnung vu 64.000 Euro hannerlooss.

22. Editioun
Tëschent dem 16. an 21. Juni gouf Musek erëm grouss hei am Land geschriwwen. Et war nämlech déi 22. Editioun vun der Fête de la Musique.

Back to Top
CIM LOGO