Serie Patrimoine (10)En Denkmalschutz fir dëst Joerhonnert

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang gouf un deem Gesetzestext gekoschtert, an deels wichteg Zäit verluer, wat eisem Patrimoine méi geschuet, wéi genotzt huet.

Jorelaang gouf un deem Gesetzestext gekoschtert an deels wichteg Zäit verluer, wat eisem Patrimoine méi geschuet wéi genotzt huet. Dat neit Denkmalschutzgesetz steet elo um Pabeier a versprécht virun allem méi Rechtssécherheet - fir dee sech fir d'Erhale vun eisem Patrimoine asetzt, mee och fir deen aneren, deem dat vu fréier méi egal ass. Et ginn nämlech mam neie Gesetz kloer Reegelen iwwer dat, wat erhalenswäert ass a wat net däerf zerstéiert ginn. Am leschten Deel vun eiser Serie iwwer dat neit Denkmalschutzgesetz kënnt d'Kulturministesch zu Wuert. E Reportage vum Monique Kater.

Serie Patrimoine - Deel 10
Jorelaang gouf un deem Gesetzestext gekoschtert, an deels wichteg Zäit verluer, wat eisem Patrimoine méi geschuet, wéi genotzt huet.

Mir brauchen zu Lëtzebuerg e kohärenten a modernen Denkmalschutz. Dat seet d'Kulturministesch Sam Tanson, déi deen neie Gesetzprojet iwwert de Patrimoine culturel deponéiert huet.

Am leschten Deel vun eiser Serie ënnersträicht d'Ministesch, datt méi Rechtssécherheet eent vun de groussen Ziler vum Text ass.

Serie Patrimoine (10) / Reportage Dany Rasqué

E Beispill:
Et huet een en Terrain, deen net wäit ewech vun engem archeologesche Site läit, an et wëll ee wëssen, ob een dorop baue kann oder net. Mam neie Gesetz muss ee säi Projet vum nationalen Zenter fir archeologesch Recherche préiwe loossen, mam Virdeel fir d'Allgemengheet, datt keng historesch Sitten zerstéiert ginn, ier se dokumentéiert sinn a mam Virdeel fir de Proprietär, datt hie kee Baustopp riskéiert.

D'Kulturministesch Sam Tanson:

Dass een ebe sech verschidden Etappe gëtt, wou ee seet, dat do ass elo gekuckt ginn an elo kënnt der entweder dat maachen oder dir musst mat engem aneren Iech ofschwätzen, wann der verschidde Saache wëllt maachen. Dat gëtt deem ganzen e Kader, wou ech mer wierklech wënschen, dass mer mat méi enger grousser Rou iwwert déi Sujeten kënnen diskutéieren a wou och déi legitim Erwaardung vu jidderengem do ass, fir ze wëssen, wat Saach ass."

Méi Rechtssécherheet gëtt och de wëssenschaftlechen Inventaire, deen an all Gemeng gemaach gëtt a wou, no 15 Critèren, gekuckt gëtt, wéi eng Objeten derwäert sinn, national geschützt ze ginn.

Et dauert wuel nach 10 Joer, bis deen Inventaire fir dat ganzt Land steet, mä well Site et monuments eng Gemeng no där anerer ënnert d'Lupp hëlt, kann och an enger Gemeng no där anerer  geschützt ginn.

Wien elo mengt, hien hätt nach Zäit, fir séier eppes ofzerappen, ier den Inventaire gemaach ass, deem sief ofgeroden.

"Mir hunn e Sécherheetsfilet virgesinn am Gesetz. All déi Haiser, déi schonn am PAG op kommunalem Niveau geschützt ginn, mussen iwwer sites et monuments nach eng Kéier gekuckt ginn, wann do Demandë snn,i fir Baugeneemegungen auszestellen, esou datt mer do och e Sécherheetsfilet opgestallt hunn a fir de Rescht spillt natierlech nach ëmmer d'Gesetz, dat en vigueur ass. "

Dat neit Gesetz bedeit natierlech och vill méi Aarbecht, fir d'Leit, déi am Beräich vum kulturelle Patrimoine schaffen. Dofir mussen déi eenzel Ekippen och verstäerkt ginn.

"Beim sites et monuments an och beim CNRA. Wa mer séier wëlle virukommen, an dat ass jo am Sënn vu jidderengem, dass mer net Projeten blockéieren, doduerch dass déi Decisioune geholl ginn, mä dass mer séier kënnen aviséieren, dass mer séier déi Inventaire kënnen opstellen, fir dass jidderee weess, wou een drun ass, well dorëms geet et jo. Dass mer eng Réchtssécherheet kréien an deenen zwee Beräicher. Da brauche mer natierlech verstäerkt Ekippen. Mir hunn elo schonn zwee Leit fir Sites et monuments accordéiert kritt fir dëst Joer. "

D'Kulturministesch Sam Tanson assuréiert an deenen nächste Jore reegelméisseg weider Leit unzefroen, fir den Erausfuerderunge vum Gesetzprojet iwwert den Denkmalschutz gerecht ze ginn.

Serie Patrimoine (1) En nationalen Inventaire iwwer eis Haiser, Häipen a soss Erhalenswäertes
Serie Patrimoine (2) En Inventaire, e Fiels an eng Buerg
Serie Patrimoine (3) Renovatioun vum Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng: Aus Stee gëtt Bijou
Serie Patrimoine (4): D'Bäerbelekierch zu Zowaasch
Serie Patrimoine (5) Den immaterielle Patrimoine: Eng jonk Fra, eng Kiermes an en Intespill
Serie Patrimoine (6) Schlass vun Eesebuer: 14 Wunnengen an en oppene Park
Serie Patrimoine (7) Mam neie Gesetz: Gëlle Fra kéint net méi esou einfach exportéiert ginn
Serie Patrimoine (8) Nei Decouverte um Site vun der Réimervilla zu Schieren
Serie Patrimoine (9): Lampertsbierger Geschichtsfrënn sinn zefridde mam Gesetz iwwer Denkmalschutz

Back to Top
CIM LOGO