Affär Pim KnaffEscher Buergermeeschter widdersprécht deene Lénken

Marc Hoscheid
Den 21. Juni war et am Escher Gemengerot nawell méi héich hiergaangen.
Escher Buergermeeschter widdersprécht deene Lénken
Am Juni war et an der Affär Pim Knaff nawell héich hiergaangen. Déi Lénk leeë Recours an.

Deemools hat den CSV-Buergermeeschter Christian Weis eng Motioun vun déi Lénk, an där den DP-Schäffe Pim Knaff nogeluecht kritt, als Reaktioun op seng Verurteelung wéinst Fraude fiscale aggravée fräiwëlleg vu sengem Posten ze demissionéieren, net op den Ordre du jour gelooss. Doropshin hat déi ganz Oppositioun de Sëtzungssall verlooss. De Christian Weis hat seng Decisioun mat juristesche Bedenke begrënnt. Déi Lénk gesinn dat anescht an hunn elo Recours ageluecht.
Éischtens kéint net de Buergermeeschter eleng, mee just de Gemengerot iwwert d’Recevabilitéit vun enger Motioun decidéieren. Zweetens wier d’Motioun keng Mesure disciplinaire, well een de Pim Knaff invitéiere géing, fräiwëlleg zeréckzetrieden. An drëttens géing d’Lëtzebuerger Gemengegesetz géint d’Charte européenne de l’autonomie communale verstoussen. Mat deenen dräi Haaptargumenter wëllen déi Escher Lénk um Verwaltungsgeriicht areechen, datt awer nach iwwert d’Motioun ofgestëmmt gëtt. Ma firwat iwwerhaapt? De Conseiller Marc Baum:

“Zumindest mussen dann och déi Gréng an d’CSV Stellung huelen, ob si dat Verhalen, ob si wierklech der Iwwerzeegung sinn, datt schwéiere Steierbedruch kompatibel ass mat enger Funktioun am Schäfferot, wou ee selwer deen ass, deen d’Taxen erhieft an deen d’Bierger quasi dozou zwéngt, hir Steieren an hir Taxen ze bezuelen.”

Den Escher Buergermeeschter Christian Weis wëllt näischt zum Argument mam europäesche Recht soen. Wat déi aner zwee Punkten ugeet, spillt hien de Ball un d’Juriste vun der Gemeng weider.

“Dee Moment, wou mer hu mussen decidéieren, ob do ofgestëmmt soll ginn oder hunn, waren d’Juriste vun der Stad Esch der Meenung, datt net däerf ofgestëmmt ginn. Si sinn och lo nach ëmmer der Meenung, datt richteg gehandelt gouf. Dat ass hir Interpretatioun oder hiert Verständnis vum Gesetz, lo huet den Här Baum een anert Verständnis vum Gesetz.”

Dowéinst wier et ok, wann eng juristesch Instanz iwwert déi Fro tranchéiere géing. Wat ee maache wäert, wann déi Lénk Recht kréie sollten, dorobber wollt de Christian Weis iwwerdeems net agoen. Sollten esouwuel d’Gemeng wéi déi Lénk all d’Delaie voll ausnotzen, kéint d’Verwaltungsgeriicht fréistens a fënnef Méint eng Decisioun huelen.

ASBL FrEsch: Virwërf vun Transparenzmanktem a bürokrateschem Flou wieren net fondéiert (31.7.24)
Léon Gloden iwwer Suitten an Affär “Knaff": De Pim Knaff muss selwer decidéieren, ob hie säi politescht Mandat weiderféiert (28.6.24)
Marc Baum iwwer Motioun Récktrëtt Pim Knaff ": Dass de Buergermeeschter dee Vott net zougelooss huet, fannen ech skandaléis” (21.6.24)
Steierbedruchsaffär: Iwwerparteileche Kommitee soll Demissioun vum Pim Knaff fuerderen (13.6.24)

Back to Top
CIM LOGO