Lokal Representatioun op nationalem NiveauGéif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?

RTL Lëtzebuerg
Am leschten Deel vun eiser Serie iwwert d'Duebelmandater hate mir déi lokal Representatioun scho kuerz ugeschwat.
© RTL Grafik

Tatsächlech ass zu Lëtzebuerg keng demokratesch legitiméiert Instanz fir d’Representatioun vu lokalen Interessen op nationalem Niveau virgesinn. D’Deputé-maire kënnen déi Aufgab zwar wouerhuelen, allerdéngs huet net all Gemeng e Buergermeeschter, deen och Deputéierten ass. Dozou kënnt dann nach d’Fro, ob Duebelmandater an enger Zäit, an där déi politesch Aarbecht ëmmer méi komplex gëtt, nach zäitgeméiss sinn.

An anere Länner, wéi zum Beispill Däitschland, gëtt et jo eng zweet Kummer vum Parlament, an där Vertrieder vun de Regierunge vun de Bundeslänner um legislative Prozess bedeelegt sinn. Wier esou eng zweet Kummer eng Optioun fir Lëtzebuerg. Ma brauch esou e klengt Land iwwerhaapt eng eegen Instanz fir d’Vertriedung vu lokalen Interessen?

Doriwwer hu mir mam Kim Nommesch um Zentrum fir politesch Bildung geschwat:

Zweet Parlamentskummer fir lokal Representatioun?
Zweet Parlamentskummer fir lokal Representatioun?

Dat soen d’Parteien

Mir wollten och vun de Lëtzebuerger Parteie wëssen, wéi si zur Iddi vun enger zweeter Parlamentskummer stinn. Dofir hu mir hinne folgend Fro gestallt:

Brauche mer eng zweet Kummer vum Parlament, déi déi lokal Representatioun séchert?

D’Positioune vun de Parteien am Iwwerbléck:

Bereet iwwer d’Aféierung vun enger zweeter Parlamentskummer ze diskutéieren: Piraten

Bereet iwwer d’Schafe vun enger Instanz, déi d’lokal Representatioun séchert, ze diskutéieren: LSAP, DP,

Et brauch lokal Representatioun op nationalem Niveau. Eng zweet Parlamentskummer ass awer net de richtege Wee: Déi Gréng, CSV

Lëtzebuerg brauch keng nei Instanz, fir déi lokal Representatioun op nationalem Niveau ze sécheren: Déi Lénk, ADR, Fokus, Volt, KPL, Déi Konservativ

Hei kënnt Dir déi komplett Äntwerte vun de Parteien noliesen:

LSAP
DP
Déi Gréng
CSV
Déi Lénk
ADR
Piraten
Fokus
Volt
KPL
Déi Konservativ

Hei fannt Dir déi aner Deeler vun eiser Serie “Demokratie-Check":

Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?

De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?

Inhaltlech sënnvoll oder ze grousse Workload? Wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen?

Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?

Back to Top
CIM LOGO