
No méintelaangen Divergenzen a Streidereie war de laangjärege President André Heinen do jo net méi als Member erëmgewielt ginn.
Am Februar war soi-disant géint hie geputscht ginn an ouni, dass hien iwwerhaapt derbäi war, gouf hien am Verwaltungsrot ofgesat, wougéint hie geriichtlech virgeet. En Urteel steet do awer nach aus.
Den neien CA setzt sech elo aus dem Gilbert Goergen zesummen, assistéiert vun den zwee Vizepresidente Roland Girres an der Romance Scheuer. Als Generalsekretär gouf den Yves Scharlé bei der Mutuelle bestëmmt. De Vott e Mëttwoch wier fir all Posten unanime gewiescht.
RTL-News: Generalversammlung vun der CMCM: President gouf net zréck an de Verwaltungsrot gewielt
RTL-News: CMCM - Conseil gouf revoquéiert: Neiwale bei der nächster ordinärer Assemblée am Juni
RTL-News: Suitten CMCM: Am Virfeld vun der AG um Donneschdeg gëtt et lo neit Infomaterial
RTL-News: Wien ass President vun der CMCM?: Affär um Référé verréckelt, well Affekot an der Vakanz ass