
Neie Gehälteraccord an der Fonction Publique
De Punktwäert am ëffentlechen Déngscht wäert an zwou Etappen ëm am ganzen 2,5 Prozent an d’Luucht goen. Dorop hunn de Ministère vun der Fonction publique an d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP sech gëeenegt. De Käschtepunkt soll bei 195 an enger Hallwer Millioun Euro leien. Et géing een domat rechnen, eng 80 Milliounen Euro nees iwwer Steieren zréckzekréien, huet de Serge Wilmes e Mëttwoch de Mëtten op enger Pressekonferenz zesumme mat der CGFP erkläert.
CGDIS fiert no Appell wéinst Accident op déi falsch Plaz
De leschte Samschdeg krut de CGDIS en Appell wéinst engem Accident virun engem grousse Shoppingzenter. Eng Ekipp ass doropshi bei e Shoppingzenter an d’Pommerlach gefuer. Et huet sech allerdéngs erausgestallt, dass den Accident zu Huldang war. Um Enn ass de CGDIS eréischt no 27 Minutten op der Plaz vum Accident ukomm. E Spriecher vum CGDIS huet RTL gesot, dass een elo genee géif iwwerpréiwen, wéi een Impakt dat op den Asaz hat. Besonnesch traureg un der Saach ass, dass eng Fra un de Suitte vum Accident gestuerwen ass. Do steet elo natierlech d’Fro am Raum, ob si eventuell iwwerlieft hätt, wann d’Rettungsekippen éischter op der Plaz gewiescht wieren.
“Berliner Mauer” um Briddel
Um Briddel huet dës Woch eng Mauer fir Opreegung gesuergt. E Proprietär, deen an der Cité Worré ganz legal en Haus ëmbaut, huet sech, wat d’Ofgrenzen an d’Héije vu sengem Terrain ugeet, alles anescht wéi konform zum Bautereglement vun der Kopleschter Gemeng verhalen. De Buergermeeschter huet doropshin e Baustopp verhaangen.
Parquet fuerdert 15 Méint Prisong fir Fitnesstrainer, dee soll eng Fra begrapscht hunn
Viru 5 Joer wosst eng 28 Joer al Fra keen aneren Auswee. Wéinst Hëft- a Réckeproblemer konnt si hire Beruff als Stewardess net méi ausüben. Hiere Kiné wosst hir net méi ze hëllefen an huet si an e Fitnessstudio fir eng alternativ Behandlung geschéckt. Enn Januar op hirem éischte Rendez-vous vun der Behandlung wier si awer net esou traitéiert ginn, wéi si sech dat erwaart huet. Wärend der Massage hätt den deemools 25 Joer ale Fitnesstrainer d’Fra ënner anerem un der Broscht an am Intimberäich ugepaakt. Dëse streit d’Virwërf of. Bis en Urteel geschwat gouf, gëllt d’Presomption d’innocence.
Keen Iwwerliewende bei Aviatiounsaccident iwwer Washington D.C.
En Donneschdeg an der Nuecht eiser Zäit krute sech net wäit ewech vum Ronald Reagan Airport iwwert der amerikanescher Haaptstad Washington D.C. e Passagéierfliger an e Militärhelikopter ze paken. De Fliger ass doropshin an de Floss Potomac gefall. Kee vun de 64 Leit u Bord vun der Maschinn huet iwwerlieft.
Gréissere Policeasaz bei Escher Lycée
En Dënschdeg gouf d’Police bei de Lycée Guillaume Kroll geruff. Ausgeléist gouf den Asaz wéinst engem Sträit tëscht engem Schüler an enger Schülerin. Éischten Erkenntnisser no wier et dobäi ëm en Handy gaangen. Am Laf vum Sträit soll de Jong zu enger Loftpistoul gegraff a geschoss hunn. Blesséiert gouf keen.
Réckruff vu Millioune Coca-Cola-Produiten
De Grupp Coca Cola huet eng riseg Réckruffaktioun lancéiert. Dat well a Millioune vun hire Produiten ze vill Chlorat ass. Och Lëtzebuerg ass concernéiert. Betraff si Béchsen a Glasfläsche vu Coca Cola, Sprite, Fanta, Minute Maid, Fuze-Tea, Nalu, Royal Bliss,Tropico a Zero a Light. Gedrénks a Plastiksfläschen oder Tetrapacke sinn awer net betraff.
Fra muss hir Locatiounswunneng no 50 Joer verloossen
En Appartementshaus mat véier Wunnengen zu Märel gëtt renovéiert, D’Bewunnerinnen - alleguer eeler Fraen - mussen hir Appartementer dowéinst verloossen. Eng vun hinnen ass d’Jacqueline, déi zanter 50 Joer an hirer Locatiounswunneg ass. Wéi si am RTL-Interview erkläert huet, wier et de bis ewell gréisste Schock vun hirem Liewe gewiescht.