D'Woch op RTLNouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Lëtzebuerg huet e neie Prënz
Gutt Nouvelle koumen de Méindeg vum Haff. D’Ierfgroussherzoglech Koppel huet d’Gebuert vun hirem 2. Kand annoncéiert. De klenge Prënz François konnt d’Maternité en Donneschdeg scho mat sengen Eltere Stéphanie a Guillaume verloossen.

Keng Plaz méi fir d’Heescherten
An der Stad gëtt d’Heescherei zu engem groussen Deel verbueden. Dat tëscht 7 Auer moies an 10 Auer owes. Et wëll een domat géint déi organiséiert Heescherei virgoen, sou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Eis Journalistin Diana Hoffmann stellt sech bei dësem Sujet d’Fro wat den Heesch-Verbuet heesche soll. Nieft dem neie Verbuet ginn elo och méi Kameraen am Zentrum vun der Stad installéiert.

Wéi wann de Prêt net deier genuch wier..
D‘Zënsen op den Immobiliëprêten sinn déi lescht Méint bei verschiddene Cliente staark geklommen. Dobäi gëllt an der Reegel: Wat de Prêt méi grouss ass, wat d’Hausse méi staark ausfält.

Mindestloun vun 3.000 Euro?
Am Abrëll gëtt eng Indextranche ausbezuelt. Domat klëmmt de qualifizéierte Mindestloun op méi wéi 3.000 Euro Brutto. Wéi de Statec matdeelt wäert eng nächst Indextranche héchstwarscheinlech am leschten Trimester vun dësem Joer fälleg ginn.

Stalking och zu Lëtzebuerg e Problem
Tëscht 300 a 400 nei Fäll vu Stalking landen all Joer um Geriicht. Donkelziffer ass awer nach vill méi héich. Eis Kolleege vum Magazin hunn mat engem Affer geschwat.

Trump schreift Geschicht
De fréieren US-President Donald Trump muss sech elo viru Geriicht veräntwerten. Dat wéinst der Affär Stormy Daniels. Domat ass hien den éischten US-President, deen ugeklot gëtt. Hien soll der Porno-Actrice Stormy Daniels Schweigegeld bezuelt hunn. Dëst sollt net richteg comptabiliséiert gi sinn.

Frontalieren an d’Konsequenze vum Streik
A Frankräich gëtt wéinst der Rentereform gestreikt. Déi eng stéieren sech un der Reform, déi aner si genervt vun de Konsequenzen, déi de Streik matsechbréngt. D’Stéphanie Zephirin kënnt all Dag aus Frankräich

Glécklechen Zoufall
Wéi hien zu Ettelbréck op Gare op säin Zuch waart, weist den Mohamend Cheglal Zivilcourgae a rett engem Mann d’Liewen.

Basket-Championnat
Damme vun der Sparta gewanne mat 82:73 och hiren 2. Match géint d’Amicale Steesel a stinn domat nieft Walfer, Diddeleng an dem Gréngewald an den Halleffinallen. Bei den Häre stinn den T71 Diddeleng a Steesel an der Halleffinall.

Konscht fir de gudden Zweck
De Kënschtler Raphael Tanios spent e Bild un d’Stëmm vun der Strooss. D’Konschtwierk weist den Adalbert Boros, den Ingenieur vun der rouder Bréck, deen decidéiert huet als Sans-abri ze liewen.

GP vu Australien
D’Formel 1 Down Under! Et ass en Trip, op deen de ganze F1-Zirkus sech dat ganzt Joer freet. D’Ambiance am Albert Park zu Melbourne ass ëmmer besonnesch.

Einfach ze buschtawéieren
Den éischten Numm war den Autoritéiten einfach ze bizar. Dofir hunn den Elon Musk a seng Fra no annerhallwem Joer e neie Numm fir hiert Meedche misse sichen. Elo soll d’Kand “Y” heeschen. Dat muss awer elo nach akzeptéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO