D'Woch op RTLPensiounswoch, US-TV-Duell, keng 4-Saisons méi an Äddi Fouer

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Eriwwer mam Urechne vun de Studentejore bei d’Pensioun

Eng hëtzeg Diskussioun gëtt et aktuell ronderëm d’Pensiounen. D’Entreprise fuerdert, datt vun elo un d’Studentejoren net méi consideréiert ginn. Dës Ausso kënnt vum President vun der UEL, also der Union vun den Entreprisen, dat am Kader vun der Pensiounsdebatt op RTL. Dës Woch hu mer déi verschiddenst Positiounen zu de Pensiounen héieren an déi wichtegst Begrëffer ronderëm dës Thematik erkläert.

Kee Réckmatch

Dat op alle Fall seet den Donald Trump no sengem TV-Duell mat der Kamala Harris. Den Trump huet dësen Debatt senger Meenung no kloer gewonnen a wier dofir dann och net prett, fir eng Réckronn.

Wien ze spéit kënnt, dee bestrooft d’Liewen

Esou geet op d’mannst emol en aalt Spréchwuert. Beim Gerson Rodrigues war et awer net d’Liewen, dat hie gestrooft huet, mä de Futtballnationaltrainer Luc Holtz. De Stiermer gouf nämlech fir de Match géint Belarus, dee Lëtzebuerg 0:1 verluer huet, net consideréiert.

Keng quatre Saison méi

Nee, dat elo net, wann der beim Italiener är Pizza bestelle wëllt, mä, wann der ouni Schnéiketten am Auto a Frankräich am Wanter ënnerwee wëllt sinn. Ouni d’Kette si just nach d’Pneue mat der Bezeechnung “3PMSF” erlaabt.

Zwou Medaile fir Lëtzebuerg

Op de paralympesche Spiller zu Paräis huet den Tom Habscheid am Bommstoussen eng Bronzemedaile gewonnen. Dat selwecht Resultat gouf et fir d’Marie Schreiber op der Cyclissem-EM am Zäitfueren bei der U23.

Weidere Skandal bei enger ONG

Eng Mataarbechterin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz gouf wéinst Mënschenhandel festgeholl. D’Fra soll 20 Joer laang d’Cheffin vun engem vun de gréisste Reseaue vun Mënschenhandel a sexueller Ausbeutung an der Belsch an an Europa gewiescht sinn.

Spektakulären Asaz

D’Lëtzebuerger Air Rescue war eng 125 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech an der Géigend vu Bingen um Rhäin am Asaz. Eng Koppel war an der Rotenfels-Steilwand klammen, wéi de Mann op eemol gefall ass a sech schwéier blesséiert huet.

Äddi Fouer

Mat engem Freedefeier ass d‘Fouer e Mëttwoch den Owend op en Enn gaangen. Bal dräi Woche laang huet d’Volleksfest dausenden an dausende vu Leit all Dag ugezunn, déi hei eng gutt Zäit wollte verbréngen. Hei fannt Dir déi beschten Impressioune vun der Fouer selwer oder aus dem Stall.

Back to Top
CIM LOGO