
De President vun der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL), de Michel Reckinger, huet proposéiert, datt d’Ausgaben, déi der Pensiounskeess duerch d’Dispositiounen iwwert d’Studiejoren, respektiv Chômage- oder Baby-Joren an der Berechnung vun de Pensiounen entstinn, vun den zoustännege Ministèren iwwerholl ginn.
Hie sot: “Mir soen net, datt dat net soll ugerechent ginn, also muss een do kucken, wie wëll dat. Dat si Familljemesuren, dat sinn Aarbechtsmesuren. Da soll dat och aus deene Keese bezuelt ginn, vum Familljeministère, vum Aarbechtsministère, déi dat dote politesch wëllen, an net aus enger Rentekeess.”
Dëst ass eng Positioun, déi d’Patronat och an hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) vertrëtt: “Pensions si, et seulement si cotisations”.
Dobäi ass et esou, datt d’Studiejoren zwar unerkannt ginn, fir d’Berechnung vun der Karriär. Wa se net méi géifen unerkannt ginn, misst also jiddereen, dee studéiere geet, herno méi laang schaffe goen, ier hien oder si däerfen an d’Pensioun goen. Mee si hu keng Auswierkung op d’Héicht vun der Pensioun.
Dat ass zum Beispill bei de Baby-Joren anescht. Aktuell kann ee sech där zwee urechne loossen. Dobäi gëtt e fiktive Revenu en compte geholl, op Basis vun deem, wat ee virdru verdéngt huet. Baby-Jore spillen also esouwuel fir d’Zesummestellung vun der Karriär, wéi fir d’Héicht vun der Pensioun. (Kuckt och d’Explikatiounen zu de Baby-Joren an de Perioden an eisem Pensiounslexikon)
Am Koalitiounsaccord versprécht déi schwaarz-blo Regierung en drëtt Baby-Joer anzeféieren. Ma et soll net esou vill kaschten: fir dat drëtt Baby-Joer soll just nach de Mindestloun als Revenu unerkannt ginn. Virun de Walen hat d’CSV eng “Herdprämie” fir Eltere versprach, déi hir kleng Kanner doheem versuergen. An datt dat och bei Sécu en compte geholl ginn, fir datt déi Elteren herno an der Pensioun näischt verléieren. D’DP war vehement dogéint. Doriwwer haten de Xavier Bettel an de Luc Frieden als Spëtzekandidate virun de Walen an eisem Face-à-Face hefteg diskutéiert.
Dat drëtt Baby-Joer kann een also duerchaus als en Element vu chrëschtlech-sozialer Familljepolitik gesinn. Ma de Michel Reckinger proposéiert dës Mesure jo, fir datt d’Ausgabe vun der Pensiounskeess erofginn, dat well d’Patrone strikt dogéint sinn, fir d’Recettë vun der Pensiounskeess, also d’Cotisatiounen eropzesetzen, vun deene si, nieft de Salariéeën an dem Staat, en Drëttel bezuelen.
Dat huet de Michel Reckinger e Méindeg esou gerechtfäerdegt: “Dat ass schlecht fir Lëtzebuerg, den Defizit vum Staat wäert klammen, well och dee muss jo da fir säin Deel méi Cotisatioune bezuelen.”
Ma wa Baby-Joren a sou weider, weiderhi sollen unerkannt a vun de Ministèrë bezuelt ginn, kommen d’Suen och aus dem Staatsbudget. Egal wéi géifen also d’Käschte fir de Staat klammen. Dem Staat seng Recettë sinn d’Steieren, déi Betriber a Privatleit bezuelen. Zanter de Jean-Claude Juncker 1997 virun der Rentemauer gewarnt huet, ass d’Kierperschaftssteier vun 33 Prozent op elo 17 erof gesat ginn. De Premier Luc Frieden huet annoncéiert, datt se op den 1. Januar op 16 Prozent erof gesat gëtt. D’Patrone bezuelen also weder gäre Steieren, nach Cotisatiounen.
