
Häerzinfarkt wärend Futtballmatch
De fréiere Lëtzebuerger Dammennationaltrainer ass e Mëttwoch gestuerwen. Hien hat an der Allianzarena wärend dem Match Bayern-Benfica en Häerzinfarkt, deen hien net sollt iwwerliewen.
He’s back
Den Donald Trump huet bei den US-Wale kuerze Prozess gemaach a schonn um Mëttwoch de Moien eiser Zäit war kloer: De Republikaner plënnert zeréck an d’Wäisst Haus. Wat dat fir d’USA, ma och fir d’Partnerlänner bedeit, wäerte mer an den nächste Woche gewuer ginn.
Regierungskris an Däitschland
Anescht wéi beim Trump, ass et dem däitsche Kanzler Scholz net fir ze feieren. Nodeem hien de Finanzminister e Mëttwoch entlooss, huet hien eng grouss Regierungskris ausgeléist. D’Oppositioun fuerdert elo eng eminent Vertrauensfro an Neiwalen esou séier méiglech.
Schädele fonnt, ma keng weider Ermëttlungen
De Parquet huet matgedeelt, datt ee wéinst den dräi Schädelen, déi zu Bartreng fonnt goufen, net méi weider wäert ermëttelen. Dës wiere schonn iwwer 50 Joer al an op enger Plaz fonnt goufen, wou soss e Kierfecht war.
Obdachlos zu Lëtzebuerg
E grousse Reportage huet sech dës Woch mat deem Thema beschäftegt. Zesumme mat den Sans-abrisen hunn d’Rosa Clemente an de Mike Elsen eng Nuecht op der Strooss verbruecht an dobäi vill Andréck gewonnen a sech ganz vill Froe gestallt.
Polizist bei Accident blesséiert
E Méindeg géint 21 Auer koum et op der Collectrice zu engem Accident, bei deem e Polizist blesséiert gouf. En Auto hat de Beamten um Motorrad ze pake kritt, wéi dëse wéinst engem Schwéiertransport eng Autobunnsopfaart sollt blockéieren.
U sech net erlaabt
Nach ëmmer loosse Enseignantë Kanner am Fondamental duerchfalen, obwuel dëst dem Gesetz no net erlaabt ass.Ënner anerem dat geet aus dem Rapport vum Observatoire national de l’enfance. Dësen huet sech mat de Schwaachstellen am schoulesche Parcours befaasst.
Kritik un Holtz vum Nationaltrainer net erwënscht
Ufank der Woch huet den Nationalspiller vum LA FC Maxime Chanot den Nationaltrainer Luc Holtz kritiséiert. Et géif de Chanot traureg maachen, wéi d’Ekipp um an nieft dem Terrain géif geréiert ginn. Op der Pressekonferenz virun den zwee Matcher an der Nationsleague, fir déi de Chanot net zeréck op Lëtzebuerg kënnt, huet den Nationaltrainer reagéiert. Fir de Luc Holtz hätt de Spiller hei “eng Linn iwwerschratt”.
Éischten Transmann bei der Police
An engem Portrait hu d’Kolleege vum Magasinn den Elias Scheer virgestallt. De Polizist huet op Instagram e Projet, dee “Mënsch ass Mënsch” heescht. Dëse verbënnt hien och mat sengem Sport, dem Triathlon, an sengem Engagement fir d’"LGBTIQ+"-Communautéit.
LSC geet an déi nächst Ronn
53 Kandidate mat 79 komplett neie Lidder... Dat erwaart de Jury vum Luxembourg Song Contest dëse Weekend.