D'Woch op RTLUergen Accident am Pommerlach, Iwwerraschung bei franséische Walen an EM

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Hëtzt an Donnerwieder

En Dënschdeg a Mëttwoch hat MeteoLux eng Alerte Jaune erausginn, well mat Hëtzt an Donnerwieder ze rechne war. Den éischte richtege Summerdag fir dëst Joer gouf also net just déck waarm, mä och nach zimmlech ongemittlech. Grad eis belsch Nopere goufe schwéier vun de Wiedere getraff.

Iwwerraschung a Frankräich

Wärend am Virfeld quasi alles op eng Victoire vun de rietse Parteie bei eisen Noperen higedeit huet, huet sech zum Schluss d’Allianz vun de méi lénksgeriichte Parteie bei der Wal duerchgesat. De Rassemblement National ass esouguer zum Schluss just drëttstäerkste Kraaft ginn.

Spektakulär Rettung

Zu Houschent huet e Wanderer missten aus enger mësslecher Situatioun gebuerge ginn. Dofir war extra de Rettungshelikopter am Asaz, fir de Mann mat enger Seelwann vum Wanderwee z’evakuéieren.

Spuenien vs. England

D’Halleffinalle goufen dës Woch gespillt an elo ass et kloer: England a Spuenien kämpfen ëm den Titel vum Europameeschter. Suivéiert dës Partie an eisem exklusiven Liveticker.

Secteur an Ausbildungsofhängeg

An der Moyenne verdéngen d’Leit zu Lëtzebuerg knapp 76.000 Euro brutto am Joer. Dëst variéiert awer jee no Ausbildung oder Secteur, esou déi neisten Zuele vum Statec.

NATO-Sommet zu Washington

Am Kader vum Sommet huet de Grand-Duché e bilateraalt Ofkommes mat der Ukrain ënnerschriwwen. De Sommet selwer ass da mat enger historescher Ëmstellung op en Enn gaangen, well massiv Investissementer an d’Oprëschtung decidéiert goufen.

Uergen Accident

Am Pommerlach koum et e Freideg de Moien zu engem ganz schlëmmen Accident, bei deem méi Persoune verletzt goufen. Der Police no war e Linnebus iwwert e Rond-point gefuer an dono an e Camion, deen do ofgestallt war, gerannt.

Riichter befaangen?

D’Affäre disciplinaire ëm den Dokter Benoit Ochs geet an eng nei Phas, nodeems de Medezinner eng Demande op Befaangenheet géint ee Riichter agereecht hat. An dëser Demande krut de Dokter Recht, esou datt dës zweet Affär géint de Medezinner, deem Verstéiss géint den Deontologie-Kodex virgeworf gëtt, nees vu vir opgerullt muss ginn.

Back to Top
CIM LOGO