
An zwar well d'Chamber-Institutiounekommissioun Mëtt Januar decidéiert huet d'Onofhängegkeet vum Parquet awer net an eng nei Verfassung anzeschreiwen. Déi Decisioun gehäit och Villes op d'Kopp, wat d'Schafe vun engem Justizrot – engem « Conseil suprême de la Justice » ugeet. Dat liest een op jidder Fall aus dem Avis vum Staatsrot iwwert de Gesetzprojet iwwert de Justizrot eraus, deen e Méindeg public ginn ass.
Fir eis Erklärungen ze ginn, war de François Aulner bei eis am Studio. Fir unzefänken, wat ass den Hannergrond fir de Revirement an der Chamber?
Den Hannergrond ass kloer e Bréif vum Procureur général d'Etat, d'Martine Solovieff, a vum President vum Ieweschte Geriichtshaff, de Jean-Claude Wiwinius, un d'Chamber am August. Déi zwee hu sech iwwert déi grouss Zuel vu parlamentaresche Froe vun der CSV iwwert de Casier Bis, de Jucha Fichier, beklot. De Jean-Claude Wiwinius an d'Martine Solovieff waren der Meenung, et wier net un der Chamber d'Justiz ze kontrolléieren. Am Bréif goung souguer Rieds vun Amëschung an d'Justiz. D'Martine Solovieff hat op RTL nach virun zwou Wochen an der Emissioun Background am Gespréich gesot, si géing de Bréif nach ëmmer tel quel ënnerschreiwen.
De Bréif, t’konnt ee sech et jo erwaarden, ass bei der CSV, mä och bei anere Parteie guer net gutt ukomm. Souguer d'Justizministesch Sam Tanson sot och, de Bréif wier an hiren Ae onglécklech gewiescht. De Bréif huet dozou gefouert, datt de Leon Gloden, CSV-Deputéierten a Rapporter fir de Volet Justiz an der Verfassungsrevisioun, seng Propos am Januar an der Chamber-Institutiounekommissioun duerchgesat krut, fir d'Onofhängegkeet vum Ministère Public, also vum Parquet net an d'Verfassung ze verankeren.
Et bleift ze betounen, datt d'Onofhängegkeet vun de Riichter awer an d'Verfassung kéim an d'Politik, Leon Gloden a Sam Tanson hu puer Mol betount, datt een op kee Fall wéilt d'Onofhängegkeet vun der Justiz, hir Aarbecht an Urteeler a Fro stellen, am Géigendeel. Mä et geet also éischter drëms, nach ëmmer eng gewëss Kontroll iwwert d'Fonctionnement vum Parquet ze hunn.
Datt d'Onofhängegkeet vum Parquet elo net an d'Verfassung kéim, dat huet natierlech elo och en Afloss op de Gesetzprojet iwwert de Justizrot, liest ee wéi gesot aus dem Avis vum Staatsrot zu deem Gesetz. Der Rei no awer: Wat ass dee Justizrot?
De Justizrot, och Conseil suprême de la Justice oder Conseil national de la Justice genannt (oder einfach Iiewerchte Justizrot), dat ass e bëssen eng Reaktioun op Recommandatiounen vum Greco, dem internationalen Experte-Grupp géint Korruptioun, deen zanter Joren Drock op Lëtzebuerg mécht, fir d'Justiz an dorënner de Parquet méi onofhängeg ze maachen. Déi virlescht Regierung hat schonn en Avant-Projet de loi presentéiert.
De Justizrot hätt eng duebel Missioun, steet am Exposé des motifs vum Gesetzprojet: E wier de Garant vun der Onofhängegkeet vun de Riichter am Exercice vun hiren "juridiktionellen" Funktiounen, mä och vun der Onofhängegkeet vum Ministère Public, dem Parquet also, a sengem Exercice an der "Réquisition de l’application de la loi". Donieft soll de Justizrot dofir suergen, datt d'Justiz gutt funktionéiert.
D'Haaptaufgabe vum Justizrot wieren déi, d'Riichter ze nominéieren, mä awer och de Procureur général d'Etat, deen elo aktuell nach vum Justizminister nominéiert gëtt.
De Justizrot géing sech selwer net an Affären amëschen, mä wier eng Ulafstell fir d'Justiciables, also all déi, déi eng Affär virun engem Geriicht hunn. De Justizrot hätt e Recht bei de « Services judiciaires » Enquêten ze maachen.
De Justizrot géing aus 9 Membere bestoen, dorënner 3 Désignés d’Office (Vertrieder vum Ieweschte Geriichtshaff, Parquet a Verwaltungsgeriicht), dann 3 Riichter an 3 Leit aus der Zivilgesellschaft, Universitéiten a vun de Barreauen.
De Staatsrot huet wéi gesot elo säin Avisiwwert de Gesetzprojet iwwert de Justizrot guttgeheescht?
Jo, an déi héich Kierperschaft schéngt wéinst dem politesche Revirement och net ganz « amused » ze sinn. A sengem Avis zum Justizrot steet: Wann d'Onofhängegkeet vum Parquet net an d'Verfassung kënnt, da wäert de Staatsrot nach d'Occasioun hunn, sech an engem Avis zur partieller Verfassungsrevisioun ze äusseren.
Eng Rei Froe gehäit de Staatsrot awer elo schonn op, an zwar well am Gesetzprojet iwwert de Justizrot steet, datt de Justizminister d'Autoritéit huet, iwwert "déi aner Attributioune vum Procureur général d’Etat an d'Procureur d'Etaten". Dës "aner Attributiounen" sinn awer néierens am Gesetz oder an der Verfassung definéiert, schreift déi héich Kierperschaft. Se freet sech, wéi eng Beräicher ënnert der Autoritéit vum Justizminister géinge falen, ausser déi vun der administrativer Gestioun. D'Fro vun der Autonomie vun den "Oorganes judiciaires" géigeniwwer der Regierung, besonnesch wat d'Gestioun vum Budget ugeet, stéing weider am Raum.
Nieft der Fro vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, formuléiert de Staatsrot a sengem Avis iwwert de Justizrot nach weider Bedenken. Eng Rei Oppositions formelles betreffen haaptsächlech d'Prozedur fir d'Nominatioun vun den 9 Membere vum Justizrot. 3 vun den 9 Membere solle vum Justizrot selwer proposéiert ginn. Allerdéngs deet sech de Staatsrot schwéier domadder, datt de Grand-Duc d'Méiglechkeet soll hunn e Kandidat ze refuséieren. Och wann de Staatschef e gudde Gronn muss uginn, fir e Kandidat ze refuséieren. Konklusioun, graff resuméiert: D'Gewaltentrennung an d'Onofhängegkeet vun der Justiz a vum Parquet, mat oder ouni der Onofhängegkeet vum Procureur général d’Etat an de Procureur d'Etaten, ginn also weider politesch, kontrovers, diskutéiert.
Invité vun der Redaktioun: Reaktioun an Erklärunge vum Jean-Claude Wiwinius.