D'Woch op RTLWalen a Frankräich a Groussbritannien, Doud vum Sammy a Lokal-Police

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Schonn nees Waasser am Haus

No dem ville Reen um Weekend stoungen am Süde vum Land nees Kelleren a Wunnengen ënner Waasser. D’Kritik vun den Awunner riicht sech un d’Gemengen, well d’Kanalisatioun dat villt Waasser net packt an an hiren Aen hei näischt ënnerholl gëtt.

Flitzer zerschloen, Lëtzebuerger filmt

Beim EM-Match Slowenien-Portugal gouf e Flitzer vun de Sécherheetsbeamten opgehalen. E Lëtzebuerger Spectateur, deen och am Stadion war, huet gefilmt, wéi si dono mam Mann ëmgespronge sinn.

Testphas lancéiert

Déi Lokal-Police kënnt. Dat elo mol an enger Testphas an der Stad an zu Esch. 20 Beamte gëtt et elo mol an der Haaptstad a véier an der Minettmetropole. Si si vu 7 bis 21 Auer vu méindes bis samschdes am Asaz.

Wiessel a Groussbritannien

D’Tories vum Rishi Sunak hunn d’Walen op der Insel verluer. De Kinnek Charles huet de Labour-Chef Keir Starmer empfaangen an him den Optrag vun der Regierungsformatioun ginn.

Net iwwerlieft

De Wallaby-Känguru Sammy huet d’Land wärend enger Woch an Otem gehalen. D’Déier gouf nees agefaangen a koum heem, ass do awer kuerz drop gestuerwen. Entgéint ville Spekulatiounen an de soziale Medien, huet d’Veterinärsinspektioun matgedeelt, datt de Sammy eng bakteriell Infektioun net iwwerlieft huet.

Dräi Persounen ëmkomm

Net wäit vum Disneyland Paräis ewech war e Fliger iwwert der franséischer A4 erofgefall. All d’Passagéier u Bord sinn dobäi gestuerwen.

Verdächtege festgeholl

Bei Speicher an der Géigend vu Bitburg gouf e sechst Joer aalt Meedche mat Séissegkeete gelackelt an dono sexuell mësshandelt. No engem Opruff an enger kuerzer Sich konnt e mannerjärege Verdächtege festgeholl ginn.

Riets um Virmarsch

Wat sech bei den EU-Walen ugedeit huet, kënnt och elo bei den Neiwalen a Frankräich op d’Tapéit. De Rassemblement National war trotz héijer Walbedeelegung stäerkste Kraaft am éischten Tour. De Sonndeg da ginn eis Noperen eng weider Kéier un d’Urn.

Back to Top
CIM LOGO