D'Joer 2021Wat waren déi 5 meeschtgeliesten Artikelen op RTL.lu?

RTL Lëtzebuerg
D'Joer 2021 war genee sou vu Corona gepräägt, wéi dat schonn 2020 de Fall war. Dëst ass och däitlech an eisen Top 5 vum Joer z'erkennen.
© RTL-Grafik

Direkt vir ewech ass unzemierken, dass de Corona-Ticker an den Ticker iwwert d’Iwwerschwemmungen net consideréiert goufen, well dëst “Artikelen” sinn, déi eng laang Zäit ëmmer nees aktualiséiert goufen an ëmmer nees ginn. Eleng de Corona-Ticker géif hei op iwwer 607.000 Visitte kommen, den Iwwerschwemmungsticker op iwwer 450.000, a géifen also d’Plazen 1 an 2 theoretesch ausmaachen. Fir representativ ze bleiwen, gouf awer decidéiert, d’Tickeren net an dës Top 5 matzehuelen.

Plaz 5 (Zuel u Views: 182.642)

Claude Meisch - Schoule vun nächster Woch un nees am Homeschooling

© RTL

De 4. Februar 2021 huet den Educatiounsminister Claude Meisch annoncéiert, dass wéinst der schlechter Entwécklung vun den Infektiounen an eenzele Fäll vun der neier brittescher Variant am Enseignement, d’Schoulen nees zougemaach ginn.

Zu deem Moment goufen et an de Schoulen esouvill Infektiounsketten wéi ni virdrun, sou dass hei séier misst reagéiert ginn.

Plaz 4 (Zuel u Views: 186.659)

Lockdown soll verhënnert ginn - Nei Restriktiounen: 3G op der Schaff, 2G bei Fräizäitaktivitéiten an Hobbyen

Den 29. November hunn de Premierminister Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Pressekonferenz annoncéiert, dass d’Mesuren a Restriktiounen géife verschäerft ginn.

Zu deem Moment war nach net vill iwwert d’Omikron-Variant gewosst, ma d’Regierung huet aus Sécherheet weider Mesuren decidéiert.

Plaz 3 (Zuel u Views: 192.707)

GANZ VILL FOTOEN A VIDEOEN - Héichwaasser an Iwwerschwemmungen uechter d’Land

© RTL

Niewent Corona, ass zu Lëtzebuerg an och an anere Länner an der EU wuel keen laanscht déi katastrophal Iwwerschwemmunge 2021 komm, déi vill Leit extrem uerg getraff hunn a vill Leit hiert d’Haus, hir Existenz an iwwert d’Grenze souguer ganz tragesch Frënn a Familljemembere verluer hunn.

Virun allem d’Fotoen vun den Iwwerschwemmungen de 15. Juli an och nach de 16. Juli hu ville Leit d’Ausmooss vun der Katastroph gewisen, vun där sech bis haut vill Affer nach ëmmer net erholl hunn.

Plaz 2 (Zuel u Views: 231.854)

Vun nächster Woch un - Butteker nees op, Restaurante weider zou, Couvre-feu nees vun 23 Auer un

© RTL

Op der Plaz 4 ass dann en Artikel vum 5. Januar. Och hei war et eng Pressekonferenz vu Bettel a Lenert, déi nom Regierungsrot ofgehale gouf.

Hei gouf d’Land informéiert, dass et e Retour op d’Mesurë vu virum 24. Dezember wäert ginn, dat heescht, dass och all net-essentiell Butteker nees konnten opmaachen, esou wéi Coifferen, Solarium-Studioen, Salons de beauté oder Fitnessstudioen.

De Couvre-feu gouf vun 21 op 23 Auer no hanne verréckelt.

Plaz 1 (Zuel u Views: 373.759)

Maniffen an der Stad - 19 Leit festgeholl, 5 Leit gi protokolléiert, eng Persoun an U-Haft

© Domingos Oliveira / RTL

Op der Plaz Nummer 1 ass den Artikel iwwert d’Manifestatioun géint d’Corona-Reegelen, déi den 12. Dezember 2021 tëschent dem Glacis an der Place de l’Europe erlaabt war. D’Maniff vun enge 500 Leit hat sech an 2 Gruppe gespléckt, dovunner wollt ee Grupp iwwer d’Avenue de la Porte-Neuve an d’Stad kommen. Dat war den Ament, an deem de Waasserwerfer vun der belscher Police an den Asaz koum.

D’Leit goufen zréck op de Rond-Point-Schuman geleet, kuerz drop hat sech Demo opgeléist. Dës Maniff hat fir extrem vill Kritik a Gespréich am Land gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO