Konkurrenzautoritéit: No der Enquête wäert et Instruktioune ginn
En Freideg de Moie war de Rapport vun der Konkurrenzautoritéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
No der Enquête vun der Konkurrenzautoritéit iwwert den Immobiliesecteur wäert et och Instruktioune ginn iwwert eenzel Betriber. De President vun der Autoritéit, de Pierre Barthelmé, huet e Freideg de Moien hei op RTL awer keng Nimm genannt, well Instruktiounen "net op der Place publique" gemaach ginn. Esou Instruktioune wieren awer d’Finalitéit vun all Enquête sektoriell, déi e "Spigel" wier, deen engem gefale kéint oder net. De Pierre Barthelmé huet awer betount, datt et e "ganz flotte Programme de Clémence" gëtt: wa Betriber sech jorelaang ofgeschwat hunn a bemol "kal Féiss" kréien, da kann e sech bei der Konkurrenzautoritéit mellen an da gëtt et keng Strof.
De Pierre Barthelmé huet sech och géint eng Rei Virwërf aus dem Immobiliësecteur gewiert. D'Enquête wier net vum Wirtschaftsminister Franz Fayot bestallt, och wann dee se d’lescht Joer ugekënnegt hat. De President vun der Konkurrenzautoritéit huet drop higewisen, datt déi Enquête d’Suitte vun enger anerer Enquête ass, déi iwwert d’Marchés publics am Bau virun 2 Joer. An där Enquête stoung schonn, datt déi just den éischten Deel wier. Hien huet och ënnerstrach, datt d’Autoritéit een onofhängegen Etablissement public ass, esou wéi eng europäesch Direktiv verlaangt. An hien huet drop higewisen, datt an aneren Enquêten d’Konkurrenzautoritéit dem Staat op d’Fangere gekuckt huet an iwweregens an der Enquête iwwert den Immobiliësecteur och de Staat mat an d’Verantwortung hëlt, fir déi héisch Präisser. Haaptsächlech wéinst de Prozeduren, déi jo och Promoteure kéinten deels dozou dreiwen, hir Terraine laang ze halen.
De Verdacht, deen d’Autoritéit ausgedréckt huet, datt d’Baubetriber sech iwwert niddreg Paie fir d’Aarbechter kéinten ofschwätzen, hat am meeschte fir Opreegung gesuergt. D’Handwierkerfederatioun huet et Diffamatioun genannt, d’Gewerkschaft LCGB souguer eng Konspiratiounstheorie. De Pierre Barthelmé sot, d'Autoritéit hätt zwee Constate gemaach: de Secteur seet selwer, et géing e Manktem un Aarbechter ginn a gläichzäiteg wieren d’Salairen dem Statec no an deem Secteur am niddregsten. Déi zwou Saache matenee géingen et erlaben, enger Konkurrenzautoritéit sech d’Fro ze stellen, wéi dat méiglech ass. Donieft huet hie betount, et wier keng Accusatioun, mä eng Hypothees, sou de Pierre Barthelmé. Hien huet Beispiller aus dem Ausland genannt, wou änlech Hypotheese gemaach goufen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.