Eigentlech war Ufank Mee zu Zandvort an Holland den Ufank vum Porsche-Supercup-Championnat geplangt. Et soll eng wichteg Saison fir den Dylan Pereira ginn, mä déi ass de Moment gestoppt. De Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer ass doheem a probéiert sech esou gutt ewéi et geet op den Optakt vum Championnat ze preparéieren. Et gelt fit ze bleiwen an och prett ze sinn, wann d’Courssen erëm ufänken.
Mat 4 Joer soutz den Dylan Pereira fir d’éischte Kéier an engem Kart. De Sportzaldot ass et eigentlech net gewinnt, net an engem Courseauto ze sëtzen. Am Moment muss den 22 Joer alen Athlet aus dem COSL-Elittekader gedëllegen a schafft dofir weider u senger Fitness. Dat mat Stabiliatiounsübungen, awer och emol un de Geräter.
Den Dylan Pereira ass am Ufank vum Joer wuel e puer Courssen a sengem Porsche gefuer, mä fir de Supercup-Championnat muss sech de Lëtzebuerger Pilot awer nach gedëllegen.
D’lescht Saison huet den Dylan Perreira zu Hockenheim an zu Spa zwou Coursse gewonnen. 2020 fiert hie fir BWT Lechner Racing, aktuell déi beschten Ecurie am Porsche Supercup. Dofir schafft de Lëtzebuerger Nowuesspilot dann och akribesch u senger Preparatioun.
An den Dylan Pereira schéngt dat gutt ze beherrschen. Aktuell gëtt e virtuelle Championnat vun 8 Coursse am Porsche Supercup gefuer an den Dylan Pereira huet genee ewéi an der Realitéit op senger Heemstreck zu Spa gewonnen. De Weekend vum 16. Mee ginn déi lescht zwou Courssen um Parcours vu Monza gefuer. Den Dylan Pereira läit aktuell am General op der 3. Plaz. Deemno eng gutt Oflenkung vun der aktueller Kris.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (26): De Jakob Fuglsang verbréngt seng Zäit den Ament zu Lëtzebuerg Serie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training “à huis clos” an der BundesligaSerie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fitSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’ZukunftSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien